RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Michel Maquil, 22/06/2018


Listen Later


Michel Maquil
Fräie Wirtschaftsberoder
Fréieren Direkter vun der Lëtzebuerger Bourse

Vun alle Forme vun der Microfinanz ass sécher d‘Microassurance oder d‘Microversécherung déi Form déi sech am spektakulärsten an de leschte Joeren entwéckelt huet. Hei geet et drëm Awunner aus Entwécklungslänner, besonnesch Baueren an Handwierker, eng einfach Méiglechkeet unzebidden fir sech géint perséinlech Schicksalsschléi an besonnesch och géint Naturkatastrophe, wéi Stierm an iwwerméissege Reen, ofzesécheren. Et ass drëm gaangen fir ee System op d'Been ze stellen deen esou einfach wéi méiglech ass fir datt e bezuelbar bleift fir déi Leit deene soll gehollef ginn.
Ass de Versécherungskontrakt ofgeschloss, an trëtt ee Schued duerch eng Naturkatastroph an, da brauch ee fir d‘Ausmooss vum Schued festzestellen, keng Inspekteren op d‘Plaz  ze schécken. Et geet duer fir detailléiert Satellitebiller ze huelen an och aner meteorologesch Informatioune, fir dann de Schued relatif genee anzeschätzen. D‘Entschiedegung fir de Bauer oder den Handwierker kann iwwer ee mobilen Paymentssysteem direkt un déi betraffe Persoun oder séng Famill ausbezuelt ginn. Domat kann dee System mat engem Minimum vu mënschlechen Asaz fonktionnéieren, also och mat engem Minimum vu Käschten.
Fir datt esou ee Systeem am grousse Stil agesat ka ginn, brauch et eng Rei Bedingungen. Ennert hinnen mussen detailléiert genuch, brauchbar Satelittebiller a meteorologesch Informatiounen disponibel gemaach ginn. Och musse sécher Geldiwwerweisungssystemer an deene Länner funktionnéieren fir esouwuel d’Primen ze encaisséieren, wéi och fir d'Entschiedegungen auszebezuelen. Hei kënnen déi westlech Länner an déi grouss Telefons Operateuren hëllefen, fir datt déi Bedingunge geschafe ginn.
Wichteg ass et och ze suergen datt déi Systemer vu Microversécherung schnell finanziell nohalteg gemaach ginn. Dat ka geschéien doduerch datt si net fir all Käschte mussen opkommen, deen den Opbau vun esou enger Infrastruktur verlaangt. Eng Rei staatlech Organisatiounen an och privat Donateuren hunn hei ee grousse Bäitrag geleescht. Schlussendlech kënnen déi grouss Versécherungsgesellschaften nëmmen aus esou Systemer léieren a sinn och ganz aktiv Partner nieft den Operateure vum mobilen Telefonsnetzer.
Et ass de Beweis datt déi nei Technologie wiesentlech Verännerunge ka mat sech bréngen, wa se geziilt agesat gëtt an deem de globalen Impakt also de laangfristege Rendement wäit méi am Fokus steet wéi dee kuerzfristege Profit. Esou ka Millioune vu Familjen, a schwierege Situatioune an den Entwécklungslänner, ganz effektif gehollef ginn.
Lëtzebuerg huet sech am Domaine vun der Micro-Versécherung een internationalen Numm gemaach. Dee weltwäiten „Micro Insurance Network“ huet säi Sëtz a seng Bureauë zu Lëtzebuerg. Dee Reseau besteet aus enger Gemeinschaft vun 300 Experten an 80 Organisatiounen aus iwwer 40 Länner an e setzt sech a fir datt Micro Versécherung weider entwéckelt gëtt firan ëmmer méi Länner an oft a ganz entleeëen Géigenden, nach méi efficace kënnen ze schaffen.

Michel Maquil
Lëtzebuerg, 22. Juni 2018

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

65 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners