RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Michel Maquil, 23/01/2017


Listen Later

Vill Leit déi en Deel vun hierem erspuerte Geld an Aktien, Obligatiounen  oder Investmentfongen investéiere wëllen, drécken och oft de Wonsch aus ze wësse wat mat hierem Geld konkret geschitt.
Do ginn et zwou Alternativen
Esou kann de Spuerer ganz einfach refuséieren a Gesellschaften ze investéieren déi z.B. Waffen hierstellen, Kasinoe bedreiwen oder gesondheetschiedlech Produkter op de Maart bréngen, an der Hoffnung datt déi aner Gesellschaften déi positiv Saït vun der Economie duerstellen. Dat ass eng Approch déi op dem “Ausschlussverfahren” baséiert. De Compensatiouns Fong vum Lëtzebuerger Pensiounssystem verfollegt esou eng Politik vum “Ausschlussverfahren”. An eiser komplexer Welt ass et oft ganz schwéier esou Gesellschaften ouni Zweiwel ze identifizéieren an trotz gréisster Suergfalt ginn awer Investissementer gemaach déi duerno a Fro gestallt ginn.
An de läschte Joere ass duerfir den “Impact Investing” opkomm, eng  Approche déi ganz zilorientéiert virgeet. Hei gëtt bewosst nëmmen a Gesellschaften investéiert déi Aktivitéiten hunn, déi een novollzéibaren a besonnesch ee moosbaren Impakt op d'Ëmwelt, d'Energie Produktioun, op d'Landwirtschaft oder op nei Produktiounsmethoden mat sech bréngen, an doriwwer eraus och nach Gewënn erwirtschaften. Et ass eng Tendenz déi zënter kuerzem vu villen internationalen Gremien, bis hin zum G8, ganz aktif ënnerstëtzt a gefërdert gëtt. Och déi ganz grouss international Fongegesellschaften kommen elo ëmmer méi mat esou Finanzprodukter op de marché, fir där staarker Nofro vu private Leit a vu grousse Gesellschaften wéi Assurance a Pensiounsfongen nozekommen.
Secteure wou vill esou “Impact Investing” gemaach gëtt, sinn  z.B. déi nohalteg Landwirtschaft, d'erneierbar Energie, d'Mikrofinanz, d'Gesondheet, de Fair Trade a nach vill méi. Et ass eng Form vu responsabelen Investissementer déi musse kommen,  wa mer eis Aart a Weis ze liewe méi nohalteg wëlle gestalten.
Et verlaangt och vum Spuerer sech besser a méi geziilt ze informéiere wéi wann en an aner Gesellschaften investéiert. Dat selwecht gëllt och wann en a Fongen investéiert déi esou eng Investment Politik hunn. De Spuerer wier och gutt berode fir selwer an d'Aktionäersversammlungen ze goen fir hei am Dialogue mat de Responsabele vun deene Gesellschaften ze lauschteren, wat si maachen a wat hier Pläng fir d'Zukunft sinn. De Spuerer soll eng aktiv Roll anhuelen an och net zécken séng Meenung zum Ausdrock ze bréngen wann en et fir néideg fënnt.  Well  et ass schon e bëschen Engagement verlaangt.
Ëmgekéiert ass et och noutwenneg datt déi Gesellschaften an deenen investéiert gëtt eng ganz cibléiert, standardiséiert a liicht verständlech Informatioun verëffentlechen déi den Erwaardungen vun de Spuerer entsprécht.
Den “Impact Investing” kann eng ganz einfach Method duerstellen déi et jidder Spuerer erlaabt fir konkret a mat klenge Schrëtt een nennenswäerten Impakt ze erreechen.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners