RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Michel Maquil, 27/03/2017


Listen Later

Déi rezent Flüchtlingskris huet eng grouss Veronsécherung an der europäescher  Gesellschaft mat sech bruecht. Och wann et gelongen ass d'Zuel vun den Flüchtlingen, déi an eis Länner kommen, staark ze reduzéieren, dann ass domatter de Problem, besonnesch am Noen Osten, nach laang net geléist.

Niewent dem Noen Osten musse mir och d'Situatioun a ganz Afrika intensiv observéieren. D'Bevëlkerung vun deem Kontinent wäert sech an de nächsten 30 Joer vun 1,2 Milliarde, praktesch verduebelen op wäit iwwer 2 Milliarde Mënschen, wat gewalteg Rausfuerderunge fir déi Länner an Afrika mat sech bréngt.

Dowéinst kommen all Joer Millioune jonk Leit nei op den Arbechtsmaart. Leider ass an deene Länner de Wirtschaftswuesstem vill ze schwaach fir esou ville Jonken eng Aarbechtsplaz unzebidden. Esou missten eleng an Afrika all Joer ronn 18 Millioune nei Aarbechtsplaze geschaf ginn fir där Nofro eenegermoosse gerecht ze ginn. Laut enger internationaler Beroder Firma sinn awer, an de läschte 5 Joer, héichsten 4,1 Milliounen Aarbechtsplazen pro Joer geschafe ginn.

Wann elo an deem Kontinent Millioune jonk Leit guer keng Aussiicht op Aarbecht hunn, da bréngt dat noutgedronge mënschlech Katastofe mat sech, wéi Hongersnout, Epidemien, Gewalt a Krich. Dann ass d'Gefor ganz grouss datt vill Leit sech op de Wee fir Europa maachen an der Hoffnung do eng besser Zukunft kënnen opzebauen.

Wou sollte se och soss higoen?

Wann Europa eng massiv Flüchtlingswell aus Afrika wëll vermeiden, da muss dringend eng ganz zilgerecht a koordinéiert Aktioun an deem Kontinent ënnerholl ginn, wou am weesentlechen 3 Axe dra musse sinn.

Fir d'éischt muss alles gemaach gi fir d'Korruptioun an deene Länner efficace a ganz energesch ze bekämpfen. Esou kéinten déi wéineg Budgetsmëttelen, déi déi Länner hunn, verstäerkt zum Notzen vun deene Bierger agesat ginn, déi se am meeschte brauchen. Hei ka ganz vill erreecht ginn, zum Beispill, duerch eng verstäerkten Transparenz vun de Finanztransaktiounen.

Da muss och virun allem d'Bildung an d'Ausbildung, vun der breeder Bevëlkerung, eng absolut Prioritéit an der Ëntwécklungspolitik kréien. Dëst ass op alle Niveaue néideg a muss esou Wuel als Zilgruppen,d'Kanner, d'Jugendlech an déi Erwuessen erreechen fir esou de Bildungsniveau vun der gesamter Bevëlkerung ropzesetzen. D'Beispill vun Asien huet esou bewisen datt wann de Bildungsniveau vun allen Awunner eropgeet, déi demografesch Entwécklung automatesch zréckgeet.

Schlussendlech misste weider Ustrengunge gemaach gi fir datt de Wirtschaftswuesstem an déi demografesch Entwécklung géigesäiteg an Aklang bruecht ginn.

D'Länner aus der Europäescher Unioun missten hier national Politik matenee koordonnéieren a se dëse gewaltegen Erausfuerderungen upassen. Eng couragéiert a koherent gemeinsam Entwécklungspolitik ass hei ubruecht.

Iwwregens ass Europa, duerch seng geografesch Positioun, a seng Aktioun an deem Kontinent, déi Regioun déi laangfristeg am meeschte vun engem  Opschwonk an Afrika profitéiere géif.

Hoffentlech gëtt hei gehandelt ier et ze spéit ass.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners