Well “national”, dat kléngt schonns iwwel am Ouer vun de Gutmenschen, déi fillen aplaz ze denken. Eng Natioun, dat si jo Leit, déi ongeféier zesumme gebuer ginn oder goufen – nasci, naître – an déi dann zesumme wëllen op hirem Gebitt liewen an eens ënnereneen ginn.
An also mol d’éischt mateneen schwetzen, d.h. hiren Idiom, fléissend an ouni Mini-Dictionnaire um Handy. – An domat ass et scho fir all déi gutt Séilen zevill: d’soll een deem aner seng Sprooch léieren – eng graff Illusioun – grad sou wéi datt et duer géing, nieweneneen ze wunnen fir mateneen e Staat ze bilden. E braven Auslänner, deen hei wunnt, ass dofir nach laang kee Bierger vum Land: well dozou gehéiert de Wëllen, et mateneen ze riskéieren a net nëmmen méi eng déck Pei wéi doheem z’ergatteren.
Mir liewen an enger Medie-Welt, déi eis wëllt firgaukelen, de Mënsch wier e braavt Déierchen, wann een e nëmme richteg streile géif. Wat falsch ass: de Mënsch ass vun alle brutalen Déieren dat brutalst. Wien et net gleewe wëllt, soll w.e.g. e Geschichtsbuch duerchbliederen. Datte mir lo zanter 70 Joer a Rou gelieft hunn, verdanke mer dem atomare Prabli vun den USA, dee mer gratis zur Verfügung gestallt kruten – wat lo iwwregens finito ass.
Matleed ass en iwwele Beroder. Denke soll een, a kalkuléieren, net waarme Gefiller noginn. An de ville Misère an der Welt ass net domat ofgeschaaft, wa mir eis opginn d.h. keng eegestänneg Natioun méi menge kënnen ze sinn, mee all Dir grouss opmaan an do wëllen hoffen, am Duerchzuch wier et fir eis, inklusiv Index, Banken a Krankekees, gutt schuckelech wéi soss a kengem Groussherzogtum.
Paul Kremer