Et geet hautdesdaags vill Rieds vun Identitéit. Dat ass e Sujet, deen den Ament nawell hefteg diskutéiert gëtt. D’Iwwerleeungen, déi an där Bezéiung gemaach ginn, hunn duerchaus fundamentale Charakter.
An deem Kontext siefen zwee Beispiller genannt, déi weisen, wéi kontrovers dës Problematik ass. Et geet a béide Fäll ëm Applikatiounen aus dem Beräich vun der sougenannter v i s u e l l e r Identitéit.
Éischt Beispill: Et ass viru genee engem Joer eng Ausschreiwung lancéiert ginn, fir am Kader vum sougenannten «Nation Branding» en Objet ze schafen, deen typesch fir Lëtzebuerg soll sinn, esou op de Genre wéi d’Schwäizer hiert «Schwäizer Messer» hunn.
An do läit jo och schonn d’Messer – pardon – d’Kromm an der Heck!
Wat fir e Geständnes ass dat dann, wann ee muss – wéi et heescht – en «design challenge» organiséieren, fir iwwerhaapt emol en Objet ze schafen, dee representativ fir Lëtzebuerg soll sinn?!
Zweet Beispill: Déi nei visuell Identitéit vun eiser Police.
Modern, dynamesch, biergerno; jo esou weist deen neie Claim sech. Schéin a gutt! Trotzdem bleiwe Froen op; ënnert anerem déi, wéi et sech mam frësch gezeechente Léiw vun deem neie Logo verhält. Deen entsprécht net – awer och guer net – den elementarsten heraldesche Kritären.
Elo kann ee sech selbstverständlech froen: ass et dann an eisen heitegen Zäiten iwwerhaapt nach néideg an esou engem Fall och nach no der Heraldik missen ze kucken ?
Abee, mir hunn et bei der «police grand-ducale» ëmmerhin mat engem nationale Corps ze dinn; souzesoe mat engem nationalen «Symbolträger».
An deem Zesummenhang muss ee wëssen, dass et eng Instanz gëtt, déi «commission héraldique» heescht. An déi hätt misse logescherweis an dësem Fall ëm hir Meenung gefrot ginn. Ass se awer net! D’accord: et ass gewosst, dass dës Kommissioun nëmmen eng konsultativ Funktioun huet. Dat ännert awer näischt un der Tatsaach, dass dat Gremium eben, wéi de Numm et seet, op d’mannst hätt solle konsultéiert ginn. Wéi de Legislateur esou eng Kommissioun agesat huet, hat e sech dat bestëmmt gutt iwwerluegt. Ass et dann net bedenklech, dass de Staat an dësem präzise Fall sech net sengen eegenen Oploe verflicht fillt ?
Et ass kloer, dass d’Recherchéiere vun enger Identitéit – a sief et och nëmmen eng visuell - keng einfach Saach ass.
Mä, wa mer eis schonn op d’Sich no neien Identitéite maachen – och där visueller – wär et wënschenswert, dass mer eis un déi elementarst identitär Erscheinungsforme géifen halen. Et kann ee sech d’Welt eben net esou zurechtschneideren, wéi ee se selwer gär hätt.
Identitéit huet am Endeffekt nämlech och eppes mat Authentizitéit ze dinn!