RTL - Carte Blanche

Carte Blanche: PAN, 05/03/2018


Listen Later

Am Gesetz vun 2008 gouf niewent dem Empfang an der Begleedung am Integratiounsprozess vun alle Mënschen, déi an eist Land kommen, ënner anerem och folgend Aufgabe geschaafen:
- d’Ausschaffe vun engem nazionalen Aktiouns- an Integratiounsplang PAN genannt
- d’Opstellen all 5 Joer vun engem Nationale Rapport an deem Zesummenhang
- d’Ubidde vun engem Integratiounskontrakt CAI genannt fir all Auslänner, deen hei wunnt a wëlles huet, heizebleiwen.

Den 1. Integratiounsplang ass 2010 a Kraaft getratt an ass bis 2014 gelaf. 2014 goufen och e puer Avis’e ageholl fir en neie Plang, mee duerno vergiess. Elo, nodeems d’Land 4 Joer laang ouni Nationalen Integratiounsplang lieft, well Regierung, déi nach just 6 Méint um Rudder ass, nach schnell esou e Plang iwwer de Knéi briechen, obwuel mer am Oktober Wahlen hunn.

Laut Gesetz soll och all 5 Joer en Rapport iwwert Politik vum Empfang an der Integratioun vun den Net Lëtzebuerger virgeluecht ginn. Esou e Rapport ass awer ni entstanen oder en ass zumindest net der Ëffentlechkeet virgestallt ginn. Dëst Joer misst deen zweete Rapport erauskomme säit Gesetz gestemmt gouf. Esou eng Evaluatioun wier jo awer wichteg fir Schwéierpunkter am neien Integratiounsplang ze setzen!

D’auslännesch Awunner kennen en Integratiounskontrakt vun 2 Joer bei eis fräiwëlleg ënnerschreiwen. Si kréien dann en bëllegen Zougang zu 60 bis 120 Stonne Sproochecoursen, Zivicscouren an Informatiounen iwwert eist Land. Dëse Kontrakt gëtt vum Office luxembourgeois de l’Accueil et de l’Intégration OLAI organiséiert, mee ass kaum vum Public bekannt  – op Lëtzebuerger oder Auslänner. All Joer ënnerschreiwen eng Ronn 1400 Auslänner esou en Integratiounskontrakt. Eng kleng Zuel am Verglach zu den 20 000 neien Auslänner Awunner, di sech all Joers zu Lëtzebuerg nidderloossen. Do besteet nach vill Loft no uewen, zemools wann ee weess, dass dësen Integratiounskontrakt sech net nëmmen un di Leit went, di nei an d’Land kommen, mee och un déi Auslänner, déi scho mi laang hei wunnen. Elo soll en Neien Integratiounsplang opgestallt ginn, ouni vun esou engem wichtegen Instrument Konklusiounen ze zeien !

Säit Schafe vum Integratiounsgesetz 2008 goufen et vill Ännerungen an der Zesummesetzung vun eiser Bevëlkerung. Den nationalen Integratiounsplang soll politesch Richtlinne vun eisem Zesummeliewe festleeën. Do ass et wichteg dat am Virfeld Regierung net nëmme Gemengen an Zivilgesellschaft em Meenung freet, mee och Gewerkschaften a Patronat.
Well wichteg wär et kloer ze stelle wou Verantwortunge vun allen Partner sinn, och vun de Firmaen di d’Auslänner op Lëtzebuerg ulackelen ?
Ewéi kenne mer bei de ville Frontalieren en Zougehéieregkeets Gefill fir Lëtzebuerg fërderen?
Wellech Roll hunn Lëtzebuerger an all deenen Integratiouns Instrumenter?

Dese Plang betrefft jo net nëmmen di 50% Auslänner aus eiser Bevëlkerung, mee eis all - op mer wellen oder net!

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

66 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners