RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Patrick Michaely, 03/07/2017


Listen Later

 
Eng vu menge Kolleginnen aus dem ‘natur musée’ ass d’lescht Woch an d’Pensioun gaangen. Beim Ausraume vun hire Schief ass esou allerhand opgedaucht, wat sech eben an enger ganzer Schaffcarrière usammelt, dorënner och e gäre verstëbst geloossent Exemplaire vum Atlas de la Création, engem puer Kilo schwéierem Schmöker vun 800 Säiten, deen de Musée am Joer 2007 am Virfeld vum Darwin-Joer zwee Joer drop wéi eng ganz Rei aner wëssenschaftlech Instituter a Schoule weltwäit zougeschéckt krut. Well och déi, sollten endlech mol d’Wourecht gewuer ginn.

An dësem extrem opwenneg gestalten Atlas de la Création probéiert den obskuren tierkeschen Auteur Harun Yayha op eng zimlech platt Aart a Weis duerzestellen, datt sech Déieren an Planzen, déi haut op der Äerd liewen, sech zënter Jormilliounen net verännert solle hunn. Bewise soll dat doduerch ginn, datt Fotoe vun heitegen Déieren a Planzen nieft den entspriechende Fossilien gewise ginn, déi dëse staark ähnelen. Et wier kee Wandel z’erkennen, behaapt de Kreationnist Yayha, Evolutioun géif et also net ginn an d’Liewewiesen wieren domat d’Resultat vun enger gëttlecher Schöpfung. Dem Darwin seng Evolutiounstheorie wier souwisou nëmmen Däiwelswierk an dat, wat een haut als Darwinismus géif bezeechnen, wier en plus Schold un all Iwwel an der Welt wéi – ech zitéieren - „Rassismus, Faschismus a Kommunismus a vill aner barbaresch Weltanschauungen“. Selbstverständlech och den 11. September.

D’Buch huet deemools e puer Welle geschloen, well sech natierlech och gefrot ginn ass, wéi sech iwwerhaapt den deieren Drock an déi weltwäit Verdeelung vun esou engem Pavé finanzéiere kéinten. Op säi Contenu deemools iergendswou an Europa Friichte gedroen huet, ass schwéier anzeschätzen, d’Aktioun selwer hat op alle Fall fir Opmierksamkeet an de Kreeser vum Enseignement an der Fuerschung gesuergt a gewisen, datt och gutt Wëssenschaft frontal kann attackéiert ginn, fir déi Evolutioun eng observéierbar Tatsaach ass an d’Evolutiounstheorie d’Réckgrad vun de Biowëssenschaften duerstellt. Dat sollt sech am leschte Jorzéngt a virun allem an der Ära Trump an hiren alternative facts net zum Positiven ëmkéieren.

D’Buch loung ausgerechent an där Woch erëm bei mir um Büro, an där op der enger Säit am ‘natur musée’ nei Ausstellunge mat staarkem Fokus op Evolutioun opgaange sinn, op der anerer Säit allerdéngs aus der Tierkei vermellt gouf, datt d’Evolutioun an den tierkesche Schoule vun 2019 un net méi sollt enseignéiert ginn. En Zoufall?

Natierlech jo! Et seet mir awer och, datt mir bei all den Efforten, déi gemaach ginn – siefen se finanziell oder intellektuell, fir gutt Wëssenschaft richteg ze kommunizéieren, net labber däerfe loossen an datt mir mat alle Mëttele musse Stréimunge bekämpfen, déi d’Leit fir domm verkafen, wa se behaapten - wéi elo an der Tierkei geschitt, an an anere Länner wéi Polen gefaart – datt Evolutioun ze ëmstridden, kontrovers an zu komplizéiert wier an de Versteesdemech vun de Schüler iwwersteige géif. Een deen esou eppes seet, ass selwer domm.

D’Mechanisme vun der Evolutioun ze verstoen ass keng Hexerei. Si z’erfuerschen awer fir d’Iwwerliewe vun esou villen Aarten - dorënner ons eegen -  ëmsou méi wichteg. An duerfir lount et sech z’engagéieren.

* De Patrick Michaely ass vu Formatioun Biochemiker an am Naturmusée responsabel fir Ëffentlechkeetsaarbecht a Kommunikatioun.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners