RTL - Carte Blanche

Carte Blanche Patrick Michaely, 06/07/2016


Listen Later

Een vun de memorabelste Momenter an der Wëssenschaft vun de leschte Jore war mat Sécherheet d’Landung am Joer 2014 vum klenge Lander Philae um Koméit 67P/Tschurjumov-Gerassimenko. Datt iwwerhaapt eng Sonde no iwwer 10 Joer Rees am risege Weltall punktgenee op engem Kierper lande kann, dee grad mol 4 op 4 Kilometer grouss ass, ass tatsächlech eng Prouesse a mécht Science-Fiction definitiv zur Realitéit... déi ons allerdéngs och ze denke sollt ginn: iwwer ons Plaz am Universum an virun allem iwwer d’Plaz, vun där mir kommen, nämlech engem klenge bloe Planéit. Der mënschlecher Entdeckungsloscht an Expansioun schénge keng Grenze méi gesat, a wien Entdeckung seet, denkt à la rigueur och schonns un Exploitatioun. Dat weist ons d’Geschicht mat sëlleche Beispiller, an och d’Aktualitéit zu Lëtzebuerg. Asteroid-Mining ass mëttlerweil net just iergend eng Fueziddi méi, mee tatsächlech eng konkret Kooperatioun tëscht Big Science a Big Business, bei där jidferee wëll matverdéngen.

Virun e puer Méint ass vermellt ginn, datt d’Sonde Rosetta um selwechte Koméit Spure vun organesche Moleküle fonnt huet. Dës Trouvaille verstäerkt d’Hypothes, datt wichteg Bausteng vum Liewen duerch en ausserierdeschen Apport op d’Äerd komm sinn an hei eventuell zum Entstoe vum Liewe bäigedroe hunn. Wat an der Onendlechkeet vum Weltall op der Äerd méiglech war, war et vläicht och wouaneschters. An och dat sollt ons ze denke ginn.

Well, kéint ee sech jo elo soen: Dat doten ass alles ganz wäit ewech, wat geet dat mech un? Mä, och hei weist d’Geschicht ons, datt dat, wat fréier wäit ewech war, meeschtens relativ séier, souguer ze séier op een duerkënnt. D’Welt, wat soen ech, de Weltall ass haut just nach en Duerf.

Déi zwee Beispiller weisen awer, datt Wëssenschafte mëttlerweil méi si wéi just eng Zauberfabrik fir allméiglech nëtzlecht oder iwwerflëssegt Geschir, hëllefräich Medikamenter oder héichexplosiv Waffenarsenaler. Doduerch datt d’Wëssenschafte wichteg Donnéeë liwweren iwwer ons Plaz an der Welt respektiv am Weltall, doduerch dat se ëmmer méi staark an den Alldag vun de Mënschen erawierken - am gudde wéi am schlechten - forgéiere se ons Identitéit natierlech mat. D’Wëssenschaften an hir Duerstellung sinn domadder e Bestanddeel vun der Kultur genee esou wéi Konscht, Literatur, Musik, Danz, Film, Theater a.s.w.

Dëst z’akzeptéiere fält allerdéngs ville Leit, an och Kulturresponsabelen heiansdo nach ëmmer schwéier. Als Naturwëssenschaftler reagéiert een nämlech e bëssi pickéiert, wann een den TNS-Ilres Sondage duerchbliedert, deen elo am Kader vun den Assises culturelles virgestallt gouf.

Wann e ganze Panel vun 1022 Leit an engem Sondage net mol gefrot ginn, ob d’Wëssenschaften an hir ëffentlech Duerstellung eppes mat Kultur ze dinn hunn, kënne se natierlech weder mat jo nach mat neen äntwerten. Et wier awer grad an engem Land, datt sech elo mat Recherche an Innovatioun en neit Standbeen well opbauen, tatsächlech intressant gewiecht, genee dat gewuer ze ginn.
Videospiller stoungen am Sondage als kulturellen Domaine zur Auswiel, firwat also net Wëssenschaften? ‘t ass leschtenends de gewiifte Programméirer, deen d’Spill un d’Lafe bréngt an zum Erliefnes mécht.

* De Patrick Michaely ass vu Formatioun Biochemiker an am Naturmusée responsabel fir Ëffentlechkeetsaarbecht a Kommunikatioun.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners