RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Patrick Michaely, 08/10/2018


Listen Later

Et sinn elo genee zweehonnert Joer hier, datt fir d’éischt Kéier zu Lëtzebuerg d’Diere vun engem naturhistoresche Musée fir de Public opgaange sinn. De Musée huet zënterhier déi bedeitendst Sammlungen iwwer de Patrimoine naturel vun der Groussregioun ugeluecht. Millioune vun Objete ginn an de Sammlungsraim am Gronn conservéiert. Kuerz no 18.50 - déi vill Éieregäscht op der Gebuertsdagsfeier si grad beim éischte Schampesglas - kënnt et wéinst enger Surcharge an den Leitunge vum historesche Gebai zu engem Kabelbrand am ale Frigo, an deem d’Somesammlung conservéiert gëtt. E Fonke spréngt iwwer.

Pabeier fänkt u bei 232,8 Grad Celsius ze brennen. Pabeier gëtt et an dësem Raum genuch. De Frigo mat der Somesammlung steet nämlech wéinst Plazmanktem am selwechte Raum wéi den Herbier. Iwwer 100.000 Planzebeleg, déi an de leschten 200 Joer zu Lëtzebuerg gesammelt goufen, ginn hei propper an eenzel Pabeiersmappe versuergt. Op der Gebuertsdagsfeier fir d’Muséesfrënn huet déi zoustänneg Botanistin elo grad eng Ried gehalen iwwer d’historesch Bedeitung an de wëssenschaftleche Wäert vun dëser Planzesammlung fir d’Land. Fir hiren Discours virzebereeden hat se just virdrun e puer Planchen aus de Compactus-Schief erausgeholl an um Schaffdësch ausgebreet. De Fonke fält drop. Ze waarm fir de Pabeier. Déi kleng Flam brauch net laang, fir sech duerch de Beleg ze friessen an de Stapel Pabeier mat de Bestëmmungsbicher unzegräifen, dee just niewendru läit. Firwat d’Sprénkelanlag mam éischten Damp net ugaangen ass, weess duerno kee sou richteg. ‘t ass elo souwisou egal: Waasser op tëscht Pabeier a Carton conservéiert dréche Planzen ass net manner schlëmm.

D’Feier gräift weider ëm sech. D’Sammlungsraim befanne sech direkt ënnert dem holzen Daach. Am Raum niewendrun ginn déi wäertvollst Stécker aus der Mineralien- a Fossiliesammlung versuergt, dorënner international unerkannte Referenzstécker fir d’Wëssenschaft. De Mineralog, dee virun 30 Joer hei geschafft huet, hat et 2018 fäerdegbruecht engem Mineralogiesprof vu Rio seng impressionant Sammlung z’ergatteren, ier déi soss eventuell bei d’brasilianesch Kollegen an de Musée gaange wier. “Gott sei Dank”, huet deemools jiddweree gesot. D’Flamen hu mëttlerweil eng Temperatur vun iwwer 1000 Grad. Vill vun den onschätzbare Mineralien a Milliounejoer ale Fossilien halen dësen héijen Temperaturen net stand a baschten a mikroskopesch kleng Stécker auserneen. Iwwer 3 Millioune Specimenen aus der Insektesammlung sinn an hiren Holzkëschten nëmmen zousätzlech Fudder fir d’Feier. Dat eelste komplett erhalent Skelett vun engem Mënsch zu Lëtzebuerg verkuelt a senger Këscht. Domadder sinn all Preuvë vernicht, déi d’Entwécklung vun der Biodiversitéit hei am Land iwwer déi lescht 200 Joer dokumentéieren. Et ass, wéi wann d’Natur vum Land op eemol kee Gediechtnes, keng Geschicht, méi hätt. De Musée selwer, aus deem d’Éieregäscht nach mam Glas an der Hand erauslafen, fir dem Feierspektakel mat Tréinen an den Aen nozekucken, ass nämlech virun allem eng grouss Schauvitrinn. Net mol 5 Prozent vun der ganzer Kollektioun gëtt hei ausgestallt. Gefuerscht gouf op deenen 95 verbrannten.

Bon, mir si glécklecherweis eréischt 2018, mä mir sinn all Rio. Hoffentlech léiere mir draus, ‘t ass jo Europäescht Joer vum Patrimoine culturel.

* De Patrick Michaely ass vu Formatioun Biochemiker an am Naturmusée responsabel fir Ëffentlechkeetsaarbecht a Kommunikatioun.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
L'édito éco by France Inter

L'édito éco

14 Listeners

Nouveau monde by franceinfo

Nouveau monde

6 Listeners

Géopolitique by France Inter

Géopolitique

192 Listeners

Kommentare und Themen der Woche by Deutschlandfunk

Kommentare und Themen der Woche

9 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Presseschau by Deutschlandfunk

Presseschau

10 Listeners

L'édito politique by France Inter

L'édito politique

26 Listeners

Charline explose les faits by France Inter

Charline explose les faits

25 Listeners

Panorama by radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

On the Record - Reporter.lu by Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

1 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners