Zënter enger Woch ass ons d'Ländchen ëm eng Dinosaurierschank méi räich. D'Decouverte vun esou engem Fossil ass fir Lëtzebuerg tatsächlech aussergewéinlech an de Medierummel war duerfir net manner grouss wéi viru véier Joer, wéi déi éischt zwou fossil Dinoschanke presentéiert goufen. Deemools koumen d'Fossilie vu Brouch, dës Kéier vu Rëmëleng, wou zwee Amateur-Paläontologen bei enger Fouille op eppes gestouss waren, dat anescht war, wéi d'Fossilien, déi se normalerweis ausgegruewen hunn. Well wann een op deene Plaze sicht, erwaart ee sech virun allem verstengert Reschter vu Mieresdéieren; d'Gestengscouchen op där Plaz sinn nämlech d'Iwwereschter vun engem Mier, dat hei virun 170 Millioune Joer existéiert huet. Datt et duerno 10 Joer gedauert huet, bis d'Schank eendeiteg als déi vun engem gemitleche Planzefriesser mam Numm Scelidosaurus identifizéiert gouf, soll duerfir och net iwwerraschen.
Den Numm selwer seet héchstwahrscheinlech nëmmen deenen mannsten eppes, seng nooste Verwandte gehéieren allerdéngs zu de Superstaren an der ganzer Dinopanoplie a feele seelen an de Plastiksammlunge vu jonken Dinofans: de Stegosaurus an den Ankylosaurus. An ass et net esou, datt vill Kanner, ier se richteg liesen a schreiwen, nach virdrun ouni Problem Zongebriechernimm wéi Parasaurolophus, Deinonychus oder Diliphosaurus ausschwätze kënnen? Dinosaurier sinn zu Ikone vun der Popkultur ginn. Si trampelen iwwer d'Kinosleinwänn an d'Tëleevisiounsecranen an dekoréieren esou zimlech all Produit, deen een opziele kann.
Duerfir këint ee mengen, datt d'Dinosaurier an hir Zäitgenosse wéi d'Mieresreptilien an d'Fluchsaurier och déi beschten Ambassadeure misste sinn, wann et drëms geet, d'Wëssenschaft de Leit am allgemengen an net nëmme Kanner méi no ze bréngen. Dës Déiere hunn nämlech masseg Informatiounen an hire Schanken hannerlooss, déi ons haut vill doriwwer verroden, wéi d'Welt deemools funktionéiert huet. Kaum en naturhistoresche Musée kënnt duerfir haut ouni Dinoen aus. Mat dëse risegen Déieren kann een nämlech esou wichteg Theme wéi Evolutioun iwwer Millioune vu Joeren, d'Ausstierwe vun Aarten oder och de Kierperbau vun Déieren erklären, mä och anschaulech weisen, wéi Wëssenschaft am allgemenge funktionéiert.
Ech war dunn dach iwwerrascht, wéi ech bei enger net repräsentativer Online-Ëmfro vun enger grousser Dageszeitung hei am Land gelies hunn, datt esou guer d'Thema Dinosaurier fir 50 Prozent vun de Leit ze wëssenschaftlech wier. Esou eng Ëmfro ass natierlech elo net iwwerzebewäerten, et huet ee séier op e Knäppche gedréckt, a repräsentativ war se wéi gesot och net. Ma trotzdeem, kann ee sech Gedanke doriwwer maachen, wann ee weess, wéi staark d'Iddi vum Dino bei de Kanner am Kapp verankert ass an anscheinend bei den Erwuessenen guer net méi. Wéini kënnt dësen Ëmschwong, deen aus engem Fuerscher in spe, dee partout vergaange Welten entdecke wëll, en Erwuessene gëtt, deen awer och guer näischt mat Wëssenschaften ze di wëll hunn? Wou muss den Enseignement an d'Wëssenschaftsvermëttlung usetzen, fir datt de Virwëtz aus der Kandheet och weiderhin nach erhale bleift an idealerweis an enger gréisser Zuel vu Fuerschercarrière féiert? Eng Wëssensgesellschaft, déi dësen Numm och verdéngt, muss sech dëse Froe stellen, soss steiert och si fréier oder spéider a Richtung Lost World.
* De Patrick Michaely ass vu Formatioun Biochemiker an am Naturmusée responsabel fir Ëffentlechkeetsaarbecht a Kommunikatioun.