RTL - Carte Blanche

Carte Blanche: Patrick Michaely, 15/02/2019


Listen Later

2009 war Darwin-Joer. Weltwäit ass den 200. Gebuertsdag vun dësem groussen Naturalist gefeiert ginn. Mat vill Asaz a Kommunikatioun ass versicht ginn, dem Darwin säi Wierk dem Public méi no ze bréngen. Net just Schüler ware viséiert, mä och Decideuren aus Politik, Gesellschaft, Kultur an natierlech de Wëssenschafte selwer. “Méi evolutionär denken”, war deemools de Mot d’ordre.

Dobäi kënnt, datt d’Evolutiounstheorie op ville Plazen als e perfekt Beispill vun engem rationalen Denke presentéiert gouf – wat se iwwregens och ass. Hannert dee Fändel stellt ee sech natierlech gären. Wie wëll net als e fortschrëttlech denkende Mënsch considéréiert ginn, deen en plus nach rational handelt? Elo géif ee sech tatsächlech erwaarden, datt all dës an den Darwin verléiften Decideuren och d’Fuerschung hannert der Theorie mat Iwwerzeegung a Mëttelen ënnerstëtze géifen. A senger Evolutiounstheorie erkläert den Darwin nämlech fir d’éischt eemol dat komplizéiert Zesummespill vu Variatioun, Verierwung, Selektioun, Zäit an Upassung an domadder déi laang Geschicht vum Liewen op onsem Planéit. D’Theorie erkläert och, firwat an Zäite vu rapidem Klimawandel onzieleg Aarten op eemol fir ëmmer verschwannen. Wann et net déi onmëttelbar Zerstéierung vum Liewensraum ass, dann ass et, well se sech net méi mat Zäiten un déi verännert Bedingungen upasse kënnen. Ze fuersche gëtt et also vill.

Wéi steet et also 10 Joer nom Darwin-Joer ëm d’ëffentlech Ënnerstëtzung an Unerkennung vun Evolutiouns- a Biodiversitéitsfuerschung wéi se zum Beispill am Naturmusée hei zu Lëtzebuerg gemaach gëtt? Ma net immens! Esou eng Fuerschung ass opwenneg, si dauert laang a bréngt vun engem ekonomesche Point de vue par rapport zu den héich dotéierten High-Tech-Wëssenschafte seele vill an, ausser Wëssen an d’Gewëssheet, datt et ëm de Patrimoine naturel zu Lëtzebuerg net gutt bestallt ass. Insekten- a Vulle verschwannen och bei ons mat Vitesse grand V vun der Bühn vum Liewen.

Evolutiounsfuerschung huet an der Intelligent-Design-Welt vun der Techno Science, wou Industriedenken a Weltraum-Eruerwerungsgelüster predominéieren keng Plaz. Fir eent vun de räichste Länner vun der Welt ass dat en traurege Constat.

Wat huet dat elo mam Internationalen Dag vun de Fraen a Meedecher an de Wëssenschaften ze dinn? Ma wat soll ech dann elo engem jonke Meedche roden, dat mat vill Enthusiasmus un den Aktivitéite vum Naturmusée deelhëlt, kee mat vill Opwand a Geld finanzéierte Science Festival verpasst an deem säi gréisste Wonsch et ass, op de Spure vum Darwin ze wandelen, Fuerscherin ze ginn an d’Welt ze retten?
Vergiess et, maach léiwer en MBA a géi Satellite verkafen? D’ass wéi wann den Darwin de Kuerf kritt hätt. Enttäuschte Léift.

* De Patrick Michaely ass vu Formatioun Biochemiker an am Naturmusée responsabel fir Ëffentlechkeetsaarbecht a Kommunikatioun.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
L'édito éco by France Inter

L'édito éco

14 Listeners

Nouveau monde by franceinfo

Nouveau monde

6 Listeners

Géopolitique by France Inter

Géopolitique

192 Listeners

Kommentare und Themen der Woche by Deutschlandfunk

Kommentare und Themen der Woche

9 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Presseschau by Deutschlandfunk

Presseschau

10 Listeners

L'édito politique by France Inter

L'édito politique

26 Listeners

Charline explose les faits by France Inter

Charline explose les faits

25 Listeners

Panorama by radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

On the Record - Reporter.lu by Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

1 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners