RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Patrick Michaely, 25/01/2017


Listen Later


Wéivill waren et der dann elo? Just 250.000 wéi eng Partie vun der Press et duerstellt huet oder awer anerhallef Milliounen wéi den Här Trump selwer mengt erkannt ze hunn. Oder souguer nach méi, souvill wéi nach ni, an domat basta. Fuerdert mol de Pressespriecher vum Trump. Well gleewen, däerf ee jo kengem, virun allem net der béiser Press.

Also, wann ee bis elo nach net verstanen huet, wat mam Wuert vum Joer "postfaktesch" gemengt ass, krutt ee mat dëser bizarrer Geschicht an den éischten Deeg vun der Trump-Ära schonns direkt e Schoulbeispill geliwwert. Selbstverständlech kënnen Tatsaachen alternativ erkläert oder interpretéiert ginn, d'Realitéit léisst sech domadder awer net änneren. 250.000 Leit gesinn aus engem gewësse Wénkel eventuell och no 500.000 aus, vläicht och no 1 Millioun, bleiwen awer ëmmer nach just 250.000 Leit.

Elo krut d'Welt am Kader vun dësem Klengkrich tëscht Trump an der Press gläich en neien Absurdum mat geliwwert, dee leider versprécht d’Politik vun den nächste Jore matzebestëmmen: d’Begrëfflechkeet vun den “alternative facts”. Dës Wuertkombinatioun héiert sech un wéi “virtuell Realitéit”, an esou kontradiktoresch kënnt et engem mëttlerweil och tatsächlech vir. Wann héichrangeg Perséinlechkeeten aus dem Donschtkrees vum amerikanesche Staatschef mat Iwwerzeegung plädéieren – obwuel et sech fir vill Leit éischter wéi puren Zynismus unhéiert - datt et duer geet einfach "aner" Tatsaache wielen ze kënnen, fir e Problem aus der Welt ze schafen, da versprécht dat näischt Gutts fir eng zukunftsfäheg Demokratie, déi op Kompromiss, Differenzéierung, Dialog an engem respektvolle Mateneen opbaut.

Tatsaach Klimawandel? Gëtt et net. Tatsaach Evolutioun? Kann net sinn an enger vu Gott designter Welt. Tatsaach Immigratioun als positive Wirtschaftsfaktor? Op kee Fall, d’eegen Haut geet vir.

An esou Zäiten vun Onsécherheeten an enger ongehemmter Radikaliséierung, sinn elo grad Muséeën a soss Kulturhäiser opgefuerdert, ze weisen, datt d’Kultur ons trotz allem méi verbënnt wéi trennt. An den USA haten um Inauguration Day vum Trump eng honnerte vu Kënschtler a Konschtkritiker zum "J20 Art Strike" opgeruff, fir domadder géint “d’Normaliséierung vum Trumpismus a sengem gëftege Mix aus wäisser Virherrschaft, Fraefeindlechkeet, Friemefeindlechkeet, Militarismus an oligarchescher Herrschaft” ze protestéieren. Eng Rei vu Muséeën hunn tatsächlech aus Protest zougemaach, anerer hu par contre deen Dag d’Leit gratis eragelooss.
Mat e bëssen Ironie ass bei onsen däitschen Nopere bemierkt ginn, datt d’Angela Merkel op hir Manéier demonstrativ matgestreikt a sech d’Trump-Show doduerch erspuert hätt, datt se en neie Musée inauguréiert hätt. Ma, Recht hat se!

Muséeën, déi erklären an net verklären, kënne Leit rondrëm e Wierk, en Objet, eng Geschicht, eng kuratéiert Sammlung dozou bréngen d'Differenzen tëscht Meenungen, Kulturen a Leit z'akzeptéieren. Si si sécher Plazen, déi et erlaben Saachen a Rou nieft wëllfrieme Mënschen unzekucken, an dat ouni Konfrontatioun. Wëll et ass dëse Virwëtz, deen et ons erlaabt, besser ze verstoen, wee mir si a ween déi aner sinn. Gitt méi an d’Muséeën!

* De Patrick Michaely ass vu Formatioun Biochemiker an am Naturmusée responsabel fir Ëffentlechkeetsaarbecht a Kommunikatioun.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners