Natierlech muss en sech Suergen maachen wann een iwwert den Zoustand vun der Welt nodenkt. Eng Majoritéit vun den Leit sinn sech haut bewosst dass den Klimawandel, d’Aartestierwen, Ëmweltzerstéierung zu enger globaler Bedreeung vir d’Mënschheet ginn ass.
Su guer den Weltwirtschaftsforum , deen d’Renconter vun Davos organiséiert, keent an sengem « Risk Report 2018 » zur Konklusioun dass den Klimawandel an déi domadder verbonnen Migratiounswellen den gréissten Risiko vir d’global Wirtschaft duerstellt.
Dat aktuell Wirtschaftsklima ass dofir éischter gutt, d’Konjunkturdonnée op der ganzer Welt sinn am gréngen Beräich.
Mee leider ass onsen aktuellen Wirtschaftssystem an sengem globalen Usaz, weder staark sozial ausgeriicht, nach ökologesch trachbar.
Mir brauchen haut méi radikal Aschnëtter, déi den Wirtschaftssystem sou reforméieren, vir dass de Wuesstem ons och um sozialen an ökologeschen Plang no fir bréngt, an Konzepter wei « Greeneconomie » an « Circularwirtschaft » eng Realitéit ginn.
Et ginn vir mech zwee Parameteren wou mer mussen usetzen. Ons Gesellschaft muss Aarbecht méi bëlleg maachen an den Verbrauch vun Ressourcen méi deier.
Ech erklären mech.
D’Progrèsen hunn dozou geféiert dass mer ëmmer manner Aarbecht brauchen. Aarbechtskraaft läit brooch (Chômage, Exclusioun, Aarmut an de Drëtter Welt) well se onrentabel ass vis-à-vis vun Maschinnen. Pauschaliséierend : et mëscht hei zu Lëtzebuerg keen Sënn en maschinelle hiergestallten Produit ze flecken, well et méi bëlleg ass en neien ze produzéieren. Den Ressourcëveverbrauch ass oft keen groussen Käschtepunkt, well eben genau do déi global Emweltkäschten net richteg bewäert ginn.
Vir eng Nohalteg Entwécklung mussen mer op deenen Punkten usetzen.
Konkret géif dat goen, andeems mer d’indirekt Lounkäschten erofsetzen. D’Sozialkäschten sollten komplett iwwert den Budget bezuelen ginn deen mer iwwert d’Lounsteier an Steieren op d’ Betriber finanzéieren. Et mëscht keen Sënn méi vir d’Betriber ze bestrofen wann se Leit astellen. An eng sozial Ofsécherung bidden mer och haut schonns allen Leit un, ob se am Aarbechtsprozess sinn oder net.
Onse Wirtschaftssystem muss sech dorops baséieren, dass d’Belounung, spriech Gewënn sech ob d’Minimiséierung vum Ressourcëveverbrauch orientéiert, an net op den Produktiounskäschten. Dat erreecht een domadder dass eng Stéier erhieft op net erneierbar Ressourcen, déi en nei an den Wirtschaftskreeslaaf bréngt. Net besteiert géif Weiderverwäertungen an Transforméieren vun benotzten Ressourcen. Och déi zwou nohalteg Energiequellen also Solar an Wandenergie genau sou wei d’Liewensmëttelproduktioun sollen vun der Steier ausgeholl sinn. Sou eng Steier muss héich genuch sinn, vir dass mer konsequent vun enger Wegwerfwirtschaft an eng Kreeslafwirtschaft kommen. Dës Steier kennt an Etappen zum Beispill d’TVA remplacéieren. D’kollektiv Intelligenz muss dofir benotz ginn vir mat, sou mann wei méiglech natierlech Ressourcen, sou vill wei méiglech Gidder an Servicer kenne hierzestellen ; an dëst d’Verhalen muss och finanziell belount ginn. Duerch sou en Paradigmewiessel kennen mer et schaffen, an der wéineger Zäit déi ons bleift, eng nohalteg Wirtschaft opzebauen.