Wat genau ass déi Studie déi « European Values Study » genannt gëtt ? An den 70 Joren hunn en puer Sozialwëssenschaftler vun groussen Uni aus onsen Nopeschlänner sech zesummen gesat, mat der Iddi vir besser ze verstoen wat dann déi europäesch Wäerter sinn, aus dem dat Europa , dat dunn am Opbau war, sech géif begrënnen. Si hunn dunn gemeinsam eng grouss Enquête entworf, vir déi wichteg Liewensberäicher ze beliicht. Fro ass wat d’Léit sech vum Liewen erwaarden, vun wei eng Prinzipien si sech leeden loossen an un wat si gleewen. Doduerch dass een Froen zu den Beräicher Famill, Aarbecht, Relioun, Moral, Politik, Engagement, Zougehéieregkeet, europäesch Konstruktioun an och Immigratioun gestallt huet konnt een Zesummenhäng novollzéien an sou global Liewensastellungen erausschielen.
Déi Enquêten déi an all Länner, mat dem selwechten Froebou gemaach goufen, hunn et erlaabt vir Regioune, Länner an Gruppen ze vergläichen. An vu dass se all 9 Joer gemaach gëtt kann een och déi grouss Gesellschaftsentwécklungen novollzéien.
Lëtzebuerg huet 2 mol un dësem Projet deelgeholl. 1999 war et den SESOPI, haut den CEFIS, deen d’Etude gemaach huet, an 2008 war et den CEPS, den haut den LISER heescht.
Och vir Lëtzebuerg sinn sou Enquêten extrem wichteg, well et ons erlaabt en « objektiven » Bléck op ons Gesellschaft ze werfen, an Zesummenhäng vun den existenziellen Liewensberäicher an Liewenssituatiounen ze erklären.
En Beispill : wann mer haut iwwert d’Froen vun dem Réckhalt vun den demokrateschen Prinzipien an der Lëtzebuerger Gesellschaft diskutéieren ass et jo mol wichteg ze wëssen wat d’Bierger zu dem Thema denken. Wann dann awer en Deel vun der Bevëlkerung seet dass Demokratie keen gudden System ass (1999 waren dat ëmmerhin 7% vun der Bevëlkerung) dann ass et gutt ze verstoen wien déi Leit sinn an wat Zesummenhäng mat deenen aneren Liewensberaïcher sinn. Wei positionéiert dësen Grupp sech zu Froen vun der Aarbecht ? Wei gesinn dës Léit hier Identitéit, hiert Zesummeliewen an enger multikultureller Realitéit ? An Zäiten wou et staark populistesch Stréimungen an ganz Europa ginn, ass dat sécher en wichteg Element vir wann een eng Politik zur Stäerkung vun der Demokratie wëllt op d’Been stellen.
En anert Beispill : Relioun ass jo sécher en gesellschaftspolitesch Thema zu Lëtzebuerg. Mee et ass schwiereg ze diskutéieren an ze argumentéieren, wann een sech net eens ass iwwert d’Situatioun. Ween gleeft un wat zu Lëtzebuerg ass jo mol en zentral Fro ? An ass den Glawen verbonnen mat den aneren Liewensberäicher, wei zum Beispill Froen zu Famill, zum Engagement, zur politescher Zougehéieregkeet, an sou weider. Wei eng Verännerungen ginn et bei dem Thema, doduercher dass d’Generatiounen sech ofléisen an dass mer zu Lëtzebuerg eng staark Immigratioun hunn ?
Sou Etuden, och wann se vill kaschten erlaben et den gesellschaftspoliteschen Discours an der Realitéit ze verwuerzelen. Wann mer haut grouss Beräicher vun onser Gesellschaft wëllen reforméieren, dann ass et wichteg ze verstoen wei d’Bevëlkerung doriwwer denkt, wat déi kulturell Wäerter sinn, déi dat gesellschaftlechen Zesummeliewen hei zu Lëtzebuerg erméiglechen.
Ech bedaueren em sou méi, dass, no den Informatiounen déi ech hunn, Lëtzebuerg bei déi neier Oplo vun dëser Etude net dobäi ass. Et ass em sou méi schued well mer domadder den Investissement vun 1999 an 2008 net weiderfeiere, wat et den Sozialwëssenschaftler zu Lëtzebuerg erschwéiert vir ze kucken wei eng grousse Gesellschaftsverännerungen et an den leschten 20 Joren ginn huet. An sou turbulenten Zäiten wär dat net nëmmen interessant , mee extrem wichteg vir d’Zukunft vun Lëtzebuerg virzebereeden. Mee villäicht fënnt sech jo eng Equipe an eng Finanzéirungsméiglechkeet, beim LISER, op der Uni oder am Statec deen des Enquête kann maachen an et sou erlaabt en bessert Bild vun der Gesellschaft an onser Kultur an dësen Zäiten vun groussen Ëmbréch ze kréien.