Wéi all Bierger zu Lëtzebuerg den Wahlrecht huet, ginn ech den zweeten Sonndeg am Oktober meng Kraïtzercher op den Wahlziedel maachen. Ech well deenen Leit, déi ech vir capabel halen d’Mandat ginn, vir meng Gemeng an den nächsten 6 Joer politesch ze leeden.
Wann een Wahlen seet, seet een jo och dass een en Choix muss maachen. Natierlech, wei bei ganz villen aneren Leit, maachen ech deen Choix meeschtens ob der Basis vun Persounen, déi ech gutt an kompetent fannen. Lo gëtt et zwar en Zesummenhang zwëschen den Kandidaten, der Partei wou se dran sinn, an der Politik déi se maachen. Mee wann ech ganz éierlech sinn, ass mäin Choix dann awer éischter aus dem Bauch eraus, wei dass ech géif probéieren vir am Virfeld objektiv Kritären festzeleeën, mat deenen ech hier vergaangen Politik géif evaluéieren.
Mee maachen mer lo mol, als Gedankespillerei, wie wann mer d’Persounen guer net oder nëmmen ganz wéineg géif kennen. Wei géif dann mei Choix ausgesinn ?
Vir d’éischt missten mer jo mol driwwer nodenken, wei zefridden mer sinn, mat deem wat déi aktuell politesch Majoritéit geleescht huet, an op déi Leit an der Oppositioun gewisen hun dass Sie eng glafwürdeg Alternativ während deenen leschten Joren duergestallt hunn.
Ech muss also en Réckbléck maachen . Eng Aart Evaluatioun vun der Aarbecht déi gelëscht ginn ass. Mee genau dat ass um Niveau vun den Gemengen net sou einfach. Natierlech ginn d’Compte–Renduen vun den Gemengerotssitzungen. An ech hun och Zougang zu den Budgeten an Bilanen vun der Gemeng. Mee dorausser sech en koherent Bild ze maachen, iwwert d’Situatioun an den Zesummenhang mat den politeschen Decisiounen die geholl ginn sinn, ass schwierege an extrem opwändeg. Ech kann och op d’Flyeren vun den Parteien zeréckgräifen, wou déi natierlech den Bilan vun hiren Aarbecht presentéieren. Mee ass dat eng gutt Quell wann ech sachlech Informatiounen sichen an en Iwwerbléck well kréien? All dat remplacéiert natierlech net eng fundéiert Analyse iwwert d’Situatioun. Ween keent déi maachen, an sou presentéiere dass mer als Wieler wéinstens en Minimum vun objektiven Fakten kriten, vir dann op Basis vun onsen Wäerter an Virstellungen ze jugéieren ?
D’Medien kennen dat net op dem Gemengenniveau leeschten, den Opwand ass einfach ze grouss. Si kennen héchstens mol, een oder dat anert mei spektakuläert politescht Ereegnis suivéieren. Wann ech mer Froen stellen, op ons Gemeng genuch am Beräich Sport, Kultur, Soziales oder Stroossebau mëscht, bräicht ech jo iergendwéi Unhaltspunkten vir dat ze bewäerten. Wei soll den richtegen Equiliber vun den Investissementer ausgesinn ? Och wann ech mer Finanzbilan ukucken , weess ech net op mir an onser Gemeng iwwerverschëld sinn, op mir vill oder wéineg Kapital hunn, an op mer iergendwéi nohalteg wirtschaften ? Ech wär natierlech och interesséiert ze wëssen op ons Gemeng dann lo zevill oder zewéineg Personal huet am verglach mat deenen aneren. Hun mir vill Gemengekommissiounen an ass de Montant vun de Jeton héich oder déif ? Sinn ons Gemengentaxen, onsen Präis vir d’Waasser an d’Poubellen korrekt?
Fazit : ech misst kennen ons Situatioun mat deenen aneren Gemengen vergläichen.
Alles dat, ass am Moment sou net direkt als Informatioun ze kréien. Wuel ginn et verschidden Statistiken zu verschiddenen Themaen, mee et gëtt keng global Analyse komparativ iwwert Gemengen. Mee genau sou en sachlechen Bilan wär en wichtegt Instrument vir all Wieler, wann et drëms geet am Oktober säin Choix ze treffen.
Ech plädéieren ganz kloer dofir dass mer zu Lëtzebuerg entweder en Institut schafen, oder enger Institutioun den Optrag ginn ( Uni, Syvicol,…) vir als Observatoire vun der Gemengenrealitéit sou komparativ Analysen ze maachen, an den Bierger sou d’Méiglechkeet ze ginn vir d’Realitéit um lokalen Niveau ze verstoen an ze bewäerten. Dat wär en wichtegen Beitrag vir den politeschen Debat a géif secher den Intressen un der Politik stäerken.