RTL - Carte Blanche

Carte Blanche Paul Estgen, 21/09/2016


Listen Later



Generell gesinn maachen mer jo zu Lëtzebuerg ganz vill vir den Accueil vun den Demandeurs de protection international, den offiziellen Term vir all déi Leit déi hei zu Lëtzebuerg eng Demande maache, vir unerkannten Flüchtling ze ginn. Während der Zäit wou hir Demande ënnersicht gëtt , sinn se an Foyer ënnerbruecht, ginn medezinesch versuergt an se hunn och d’Méiglechkeet vir an Sproochecoursen ze goen. Eng Hellewull vun Initiativen hëllefen hinnen och um Wee vir sech sozial an kulturell ze integréieren.
Den Problem gëtt awer méi komplex wann des Léit bis hiren Statut kruten. Vereinfacht ausgedréckt sinn Si dann, wei all anere net Eu-Auslänner och, ugewisene vir eng Aarbecht an en Logement ze fannen an eleng eens ze ginn.
Dat ass natierlech net sou einfach, well vill vun hinnen nach net ganz laang zu Lëtzebuerg sinn, an sech dann all Handicappen additionéieren. Déi meescht kennen weder Franséisch nach Lëtzebuergesch, sou dass et extrem schwéier gëtt vir direkt eng Aarbecht ze fannen, wat awer d’Konditioun ass vir och eng Wunneng kennen ze lounen.
 
An där Situatioun bleift hinnen dann oft keng anere Alternative wei den RMG unzefroen. Dat ass awer net déi richteg Léisung , well d’Leit , sech net bewosst sinn dass se eigentlech vun Sozialsystem gefaangen an kontrolléiert ginn, an et ganz schwiereg ass do erëm eraus ze kommen.
 
Et feelt definitiv un engem Integratiounskonzept vir all déi Leit déi als Flüchtling elo hei zu Lëtzebuerg unerkannt ginn sinn. Doduerch dass Delaien vun der Prozedur deelweis méi kuerz ginn sinn, sécher eng positiv Entwécklung, muss en awer drun denken, dass déi Flüchtlingen elo nach während enger gewëssener Zäit Ënnerstëtzung brauchen, vir dass dass Si sou schnell wei méiglech kennen op eegenen Féiss stoen.
D’Politik muss hei en neien Akzent setzen, an deem se sech en aner Outil schaaft wéi den RMG. Dësen Outil muss op der enger Säit d’Sozialhëllef vir Flüchtlingen ofdecken, an op där anerer Säit d’Flüchtlingen fërderen an fuerderen vir innerhalb enger gewëssener Zäit en eegestännegt d’Liewen hei zu Lëtzebuerg opzebauen.
Dat kennt zum Beispill en RMG d’Intégration sinn, ugebonnen un de aneren System, mee spezifesch vir Flüchtlingen während enger éischter Zäit vun 3 bis 4 Joer. Verbonnen mat der sozial Hëllef wären dann Konditiounen vir d’Sproochen ze leieren, ze kucken vir hier Ausbildung ze vervollstännegen oder opzefrëschen, hinnen eng éischt Beruffserfahrung ze erméiglechen iwwert ons Initiaves-pour-l’emploi’s Gesellschaften, vir sech Wëssen iwwer Lëtzebuerg unzeeegenen, an sech an der Lëtzebuerg Gesellschaft ze integréieren. Dat alles mat enger kompetenter Begleedung duerch déi verschidden sozial Servicer déi mer hei zu Lëtzebuerg hunn. Während der Zäit géifen se dann och eng spezifesch Wunneng gestallt kréien. Dës Wunnengen sollten vun der ëffentlecher Hand gebaut ginn, vir net weider d’Wunnengsnout zu Lëtzebuerg ze verstäerken. Dësen RMG d’Intégration wär dann och op vir déi jonk erwuessen Flüchtlingen, déi nach net 25 Joer all sinn, an vir déi et am Moment iwwerhaapt keng Solutioun gëtt.
Dat ass sécher eng Investitioun an d’Zukunft déi ons global gesinn manner deier gëtt wei d’Leit vir ëmmer ofhängeg ze maachen vun onsem Sozialsystem. Villäicht fannen sech jo en puer Politiker déi bereet sinn, nei Weeër ze goen, an ons d’Sozialsystem deenen neien Erausfuerderungen unzepassen.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners