Natierlech ass et riskéiert vir en globaalt Jugement of ze ginn, iwwert den Gefill'szoustand vun onser westlecher Welt. Mee ech hunn d’Gefill dass mer un enger kollektiver Depressioun leiden. D’Ursaach ass net dass et ons objektiv schlecht geet, den Liewensstandard ass an allen Beräicher vill besser ginn, mee ëmmer méi Leit hunn Angscht virun der Zukunft. Dës Angscht ass den Motor, vun sou villen sozialen Beweegungen an Europa. Dësen Phänomen fannen mer genau sou bei engem Brexit, bei der Wahl vun populisteschen Parteien, oder bei der Beweegung vun den « Gilets jaunes » an Frankräich. Déi Ängschten féieren dozou dass mer den Bléck no hannen riichten , dass mer Halt sichen un onsen nostalgeschen Gefiller vun Freier, wou dach alles besser war.
Et feelt ons einfach un Utopien. Utopien, di positiv Zeenarien vir d’Zukunft sinn. Mee Utopien falen net vum Himmel, mir mussen erëm ufänken ze dreemen. D’Politik an d‘Vollek soll sech eppes Neies vir Muer ausdenken. An enger demokratescher Gesellschaft ass et och net schlëmme wann et verschidden Utopien gëtt, dass diskutéiert an verhandelt gëtt, mee et ass mol Virrangeg dass iwwerhaapt Iddien op den Dech kommen.
Mir ass dat déi lescht Kéier op engem Colloque zu Bréissel nach méi däitlech bewosst ginn : et goung ëm Digitaliséierung vun der Aarbecht, woubäi d’Politiker, d'Gewerkschaftler, d’Responsabel vun sozialen Mouvementer just geklot hunn, dass Digitaliséierung jo leider erëm dozou féiert, dass mer manner Aarbecht hunn, an den Chômage an d’Lut geet. Keen, awer och keen huet sech d’Fro gestallt wei dann déi Gesellschaft kennt ausgesinn, wann d’Produktivitéit en groussen Sprong no vir mëscht. Mir denken Zukunft vun der Aarbecht nach ëmmer an der Gesellschaft vun gëschter.
Dir kennt elo soen : an wéi eng Utopie proposéiert dir dann ?
Vir mech ass et kloer dass mer d’Klima an d’Ëmweltfro, nëmmen léisen kennen, wann mer ons Gesellschaft, an dozou gehéiert och d’Wirtschaft, nei organiséieren. Mir mussen ophalen, den Produktivitéitsgewënn just dofir ze benotzen nach méi ze consomméieren. Mir mussen radikal ons Aarbechtszäit erofsetzen, dat heescht ons erëm Zäit ze ginn vir selwer en Deel vun Aarbecht doheem ze maachen, an esou d’Méiglechkeet ze hunn, d’Ressourcen anzespueren. Als Beispill kenne mer d’Iessen huelen: mir hunn keng Zäit méi vir en Gaart ze maachen, keng Zäit vir selwer eppes ze kachen, mol keng Zäit méi vir akafen ze goen. Méin Dram vun der Zukunft heescht « Entschleunegung », 20 Stonnen Aarbechtszäit mat engem méi gerechten Lounsystem. Mir brauchen déi Zäit vir manner ofhängeg ze ginn vun der industrieller Consommatioun an och vir eng méi inklusiv Gesellschaft opzebauen. Mir wären jo all frou wann mer méi Zäit hätten vir d‘ Kanner an déi al Leit, méi Zäit vir mam Vëlo oder mam Zuch ze fueren, an sou weider. Och wann elo nach vill Froen opbleiwen vir sou en Modell konkret ëmzesetzen, ass et Usaz aus dem en eng konkret Visioun kann entwéckelen, déi nohalteg an sozial ass.
Eng Utopie iwwert déi mir gären kennen diskutéieren, ënnert der eenzeger Bedingung, dass et nach aner Utopien ginn, an dass mer net just no hannen kucken mee eng optimistesch Zukunftsvisioun vir all Mënschen entwéckelen.