Op dem Europäeschen Niveau gëtt aktuell vill doriwwer diskutéiert wei d’Europäesch Union misst reforméiert ginn. Den Jean-Claude Juncker, den Emmanuel Macron, d’Angela Merkel, an nach vill aner héichrangege Politiker, hun an der leschten Wochen sech mat der Fro vun der Zukunft ausenaner gesat. Den Brexit an d’Opkommen vun den populisteschen Parteien, den Réckzuch vun Amerika um internationale Parket, spillen do d’Roll vun engem Katalysator. Jiddereen ass d’Accord mat der Iddi dass elo eppes muss passéieren.
Mee geet et duer dass dësen Debat vun der Reform just op dem Niveau vun den Regierungscheffen an Europäeschen Institutiounen gefouert gëtt? Genau an engem Moment wou mer gesinn dass en groussen Deel vun der Bevëlkerung sech nëmmen ganz wéineg mat der europäescher Konstruktioun identifizéiert?
Ech wiesselen lo ganz bewosst den Standpunkt. Vum Macro-Level op den lokalen Niveau. Virun en puer Deeg war ech mat engem Grupp am Schengen-Musée. D’Schengen-Ofkommes ass en Grond-Pilier vun dem haitegen Europa. Mee entstanen ass die Geschicht jo am ganz klengen. Frankräich an Däitschland waren bereet zesummen mat den Benelux-Staaten hiren Grenzen opzemaachen, eben genau no dem Modell den d’Belsch, Holland an Lëtzebuerg schonns haten. Et gouf en Stéck Europa geschaaft, dat ganz konkret erliefbar war, vir all Bierger vun dësem neien Espace.
Ech interpretéieren des Geschicht als en zweete Wee, wei en Europa kann weiderbauen. Villäicht geet dat ze weit, vir ze soen dass dat den Modell vum Bottom-Up kennt duerstellen; mee et ass op jiddefalls no drun. Europa baut sech och am klengen: do wou konkret nei Weeër gesicht ginn vir Problemer an Froen vun den Bierger ze léisen. Wann een dann nach den politeschen Wëllen huet, vir mol Verschiddenes auszeprobéieren an ëmzesetzen , dann sinn d’Chancen grouss dass een et schafft, vun engem klengen Experiment aus, en grousst Stéck Europa ze bauen.
Lëtzebuerg ass jo predestinéiert vir sech do mat ze engagéieren. Duerch ons Grenzregioun, ons Méisproochegkeet, sollten mer versichen mat onsen Noperen nei Modeller ze probéieren, vir dat Europa vun Muer.
Ech ginn en konkret Beispill. Wann en vun Belval duerch den Tunnel an Frankräich fiert, gesäit een dass et do riseg Flächen gëtt, déi quasi brooch leien, an en bëssen ausgesinn wie en Nomansland. Eigentlech eng ideal Platz vir eng ganz nei Stadt ze bauen, déi un Belval géif uschléissen. Dat géif Wuesstem vir eng strukturschwach Regioun an Frankräich bedeiten an kennt och een Deel zur Entschäerfung vun der Wunnengsproblematik, spriech Terrainspräisser vun Lëtzebuerg bäidroen. Dat wär jo ideal vir mol ze probéieren, eng Zone Franche vir d’Bierger ze kreéieren, wou Lëtzebuerger an Fransousen géifen eppes Neies erfannen. Natierlech muss en do iwwert Sozialrechter, Steiersystemer, Schoulmodeller an sou enger Zone diskutéieren an verhandelen. Et ass selbstverständlech dass esou en Projet muss eng Win-Win Situatioun vir die zwee Länner duerstellen. Mee et keent awer och en formidabelen Projet sinn, wou mer haut zesummen, mat den Bierger aus der ganzen Regioun, géifen nei Modeller erschaffen wei Europa kennt sech weiderentwéckelen. Dat wär och eng Méiglechkeet vir den President Macron net nëmmen flott Iddien ze presentéieren, mee och konkret eppes ëmzesetzen.
Ech wënschen mer en neien Undriff an onser Groussregioun als positiven Beitrag vir den Europäeschen Projet. Ech hoffen dann och dass die Europäesch Konstruktioun seng Platz am nächsten Walkampf hei zu Lëtzebuerg fënnt an dass mer duerch konkret Projeten neien Optimismus schaffen vir d’Europäesch Integratioun.