RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Paul Estgen, 28/09/2018


Listen Later

„Bezuelbar Wunnengen“ steet an allen Wahlprogrammer. Massiv den sozialen Wunnengsbau fërderen , gëtt als Léisung proposéiert. Ech stellen mer awer d’Fro op dat duer geet, an op mer net och missten als Gesellschaft kloren Afloss op den fräien Maart huelen, am Beräich vun den Immobilien .
En ganz speziellen Där am A ass vir mech, déi Realitéit vun den Kaffiszëmmere, déi haaptsächlech Léit betrefft, déi eleng sinn, an net d‘Finanzen hunn, vir en Studio um fräien Maart ze lounen. Et feelt definitiv un villen klengen Wunnengen vir en eenzel Persounen. An dat sinn net nëmmen Leit déi den RMG hunn, oder Flüchtling sinn, mee och eleng stoend Fraen an Männer mat engem Mindestloun, Studenten, oder Persounen déi gescheet ginn , an dofir an kuerze Zäit mussen eng nei Wunneng fannen.
Hei ass en Sumpf entstanen , wou et vir déi Betraffen keng Méiglechkeet méi gëtt vir aus dem Misär erauszekommen. D’Kaffiszëmmer ass déi lescht Alternativ.  An onsem Office Social vun der Gemeng heescht et, soubal mer vir en, vun deenen Locatairen eng Léisung fonnt hunn, dann dauert et just en Dag , bis  den nächsten Client an dat Cafészëmmer ageplënnert ass.
 
Hei ass d’Politik gefuerdert. Mir brauchen dringend « kleng Wunnengen » zu sozialen Präisser. Ech nenne se mol « Ministudioen » déi 20-25 Metercarré hunn . Sou wie Studentewunnengen, mat engem groussen Raum, vir ze liewen an ze schlofen an en kleng Buedzëmmer mat Toilette. An dat zu engem Präis , deen net méi héich kann sinn, wei en Véierel vun engem Mindestloun. En rëffegen Schloff vir 600 bis 800 Euro ass Mënschenonwierdeg !
 
Vir sou en Maart vun Wunnengen entstoen ze loossen, an d’Problematik vun den Kaffiszëmmere an den Grëff ze kréien, brauchen mir eng kloer Legislatioun am Beräich vun den Ministudioen.
Dat kennt en folgendermoossen erreechen:
1.    En festgesaten Loyerspräis vir sou Wunnengen : zBsp 15 Euro op den Metercarré . Dat wär bei 25 m2 375 Euro. All Wunneng ënnert 25m2 misst dorënner falen.
2.    Vir d’Offer ze erhéijen : all nei Wunnunitéit mat 5 Appartementer déi gebaut gëtt muss och sou eng Miniwunneng ënnert 25 m2 hunn.
3.    D’ Ëffentlech Hand kuckt dass se an deenen nächsten Joer genuch sou Wunnengen baut an verlount, vir einfach duerch eng grouss Offer d’Präisser um Maart am allgemengen ze stabiliséieren, also och vir di méi kleng Studioen an Appartementer.
 
 
Duerch sou en Gesetz géif et méiglech ginn vir allen Léit mat normalen Ressourcen, zu mindestens en korrekten Dag iwwer dem Kapp unzebidden. Mir géifen engem Deel vun der Bevëlkerung d’Chance ginn vir sech eppes opzebauen, an net mussen Wucherpräisser bezuelen, déi just dozou féieren dass d’Leit ëmmer méi an d’Aarmut falen. Mee vir sou Iddien ze entwéckel , brauch en politeschen Wëllen, souguer politesche Courage an net nëmmen Bedaueren dass mer zu Lëtzebuerg eng Wunnengskris hunn.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

65 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners