Dat war natierlech net de Fall, Lëtzebuerg stoung alt erëm an der Schosslinn, an dann muss een sech awer definitiv d’Fro stellen, wéisou déi éischter gutt orchestréiert „nation branding“ Initiativ sech nach ëmmer vun der organiséierter Onmoral op d’Féiss trëppelen léisst?
Wisou kritt e Bartrénger Supermarché et ronn säin Chantier integral mat intelligenten Affichen vum Mierscher Literaturhaus ze dekoréieren, während déi nei Aérogare um Findel, mat 2 Ausnahmen, integral mat Publicitéiten vun Finanzinstituten ugehaangen ass, jo esouguer d’Haaptfassad vum Gebai domadder verschampeléiert ass?
Flughäfen wéi Zurich-Kloten (eng Finanzplaz) oder Wien-Schwechat hunn bei an ronderëm Fliessbänner mat de Valissen exklusiv Reklammen fir touristesch Attraktiounen oder awer Muséeën hänken.
Wéi z.B. am Moment fir eng Ausstellung iwwer den Victor Hugo am Leopoldmuseum. Deeselwechten Victor Hugo war dach och emol zu Lëtzebuerg!?
Ass den MUDAM keng Affiche wäert?
Am reaktionären Éisträich gouf esouguer eng hannergrondbeliichten Publicitéit fir d’Albertina gewisen; do war eng Ausstellung iwwer e Bordell opgaang!
FPÖ war entgeeschtert.
An bei eis?: „Wealth management, also Räichtum, Oppulenz Management, op Schratt an Tratt, esouguer um Fliger!
Jo, alles dat ass absolut legal, mee „Paradise Papers“ schwätzen vun Anstand, vun Steiermoral, an natierlech ass Lëtzebuerg dobäi well verschidden Leit keng Schimmt hunn oder d‘Geleeënheet verpassen, einfach de Mond ze halen .
D‘Retourkutsch kënnt an der Journalist an Editeur Jakob Augstein huet et op de Punkt bruet:
Et gëtt 1542 Dollar Milliardären op der Welt; sie zesummen verfügen iwwert 6 Billiounen Dollar.
De President vun „Air Berlin“ huet fir 9 Méint Aarbecht, déi an enger frakassanter Faillite geennegt huet, 4,5 Mio € kritt!
Alles ganz legal!
That’s capitalism, Baby!
D‘Politik ënnerhëlt näischt, well de System schwéier krank ass, seet hien. En ass onmoralesch an onanstänneg.
D’Vollek awer reagéiert, mat Wut an mat Haass, allerdéngs géintiwwer deene Falschen.
Den Haass gëllt de politeschen Flüchtlingen, net den Steierflüchtlingen.
Conclusioun: Eise Planéit ass e Paradies fir Aaschlächer.