Ech sinn elo wéini eng Kéier an aller Herrgottsfréi op de Findel gefuer; et war nach stackdäischter mee d’Wieder war gutt, kee Glatäis; ech war quasi eleng op der Strooss bis op eemol virun der Sortie Sennengerbierg alles voller bloer Luuchten!
Do stoungen 3 Pompjeesautoen an 2 Ambulanzen; eng Onmass Leit hunn sech an der batterer Keelt ëm en Auto bekëmmert deen op der Kopp loung; 2 Policeautoen hunn mech mat héijer Vitesse iwwerholl fir d’Onglécksplaz ofzesécheren ier den Beruffstraffik ugeet; Depanneuse koum aus der anerer Direktioun.
Den Dag drop sinn ech aus der Press gewuer ginn wat geschitt war: en franséischen Auto – et hätt genau esou gutt e Lëtzebuerger kënne sinn – ass aus „ongekläerter Ursaach“ – liest „wéinst ze héijer Vitesse“ – an d’Leitplanken gerannt an huet sech iwwerschloen.
Déi 3 Insassen goufen liicht blesséiert an d’Spidol bruecht.
Also net vill passéiert, sot der mer elo!
Maach sinn, mee wat en Opwand!
Do mussen also eng gutt Dosen Leit – deelweis Fräiwëlleger – mëtten an der Nuecht aus dem Bett, sech an den Dress geheien, an dann stonnelaang an de Keelt sech em déi Blesséiert këmmeren, d’Leitplanken flécken, d’Autobunn botzen an esou fit maache fir de Beruffsverkéier, Rapporten schreiwen, all dat well een – een Egoist géif ech en tituléieren – gemengt huet, hien misst méi séier fueren ewéi erlaabt.
Meng 1. Reaktioun war dann och dës Interventioun emol chiffréieren ze loossen, well bei eis am Land alles op en Kosten-Nutzungsschema reduzéiert gëtt.
Well awer an esou Fäll ze vill Verwaltungen an Persounen implizéiert sinn, kann ech haut an hei net mat engem Chiffer déngen.
De mënschlechen Opwand allerdéngs kann jiddereen novollzéien.
Een anert Phänomen deem mir all Dag begéinen ass d’läscht Woch chiffréiert ginn; eng ronn 1000 € pro Joer a pro Awunner, dat ass de finanziellen Impakt vun den Stauen zu Lëtzebuerg, also en Total vun 392 Mio, quasi 1% vum PIB!
Mee ass net och hei déi psychologesch Approche méi pertinent?
De Lëtzebuerger Automobilist – insofern et dier nach ëmmer muss ginn, - verbréngt gemäss dëser Etude 33 Stonnen am Joer an engem Stau.
E Pressecommuniqué vun „Déi Gréng“ virun de leschte Wahlen hat dësen Impakt esouguer op 12 Stonnen am Mount geschat!
Eng gefillten Éiwegkeet fir déi Betraffen!
A wann een dann weess dat dës 2 Ploen, d’Stauen an den Opwand bei deem geréngsten Akzident, meeschtens duerch d‘Iwwerschreiden vun iergendenger Verkéiersregel bedingt sinn, misst et dach deem leeschten Abruti aliichten datt et och an sengem Interessi ass d’Regelen ze respektéieren.
Fir dësen Respekt duerchzesetzen wier et utile, wéinstens an Spëtzestonnen eng vill méi apparent, reng preventif Polizeipräsenz ze markéieren.
Déi géif post festum dësen Leit vill Aarbecht erspueren.
Oder musse mer esouwäit goen wéi Paräis wou se no der alles mä net bewährter „Knaus-Ogino“ Method, eng Selektioun vun den autofräien Deeg gemaach hunn?