D’Welt ass net schwaarz-wäiss esou wéi se oft – ze oft – duergestallt gëtt.
Karikaturéierung vun de Problemer awer fänkt un inquiétant Dimensiounen unzehuelen, wann och déi Leit déi nogelauschtert kréien an eng Virbildfunktioun missten hunn, sech dem Wortschatz aus engem Jerry Cotton Roman bedengen, an an den primitiivsten Populismus verfalen, méi wéi sécher well se, wéi eisen Texasnuckes, um intellektuellem Limitt seegelen.
Mee den Donald Trump huet Recht wann hien vum nordkoreaneschen Diktator Kim Jong-Un schwätzt.
Dee klenge Rakéitenmann muss e Kapp méi kuerz gemaach ginn an ganz Nordkorea gehéiert flächendeckend bombardéiert!
Déi Drecksäck!
Kuckt emol wat sie am Irak verbrach hunn oder am Hindukush.
Kuckt emol wéi sie ganz Landstreecher fir Joerzéngten mat Entlaubungsmëttelen onfruchtbar gemaach hunn an d’Awunner vergëft hunn, am Vietnam!
Déi nordkoreanesch Drecksäck!
… Ah nee, dat waren jo d’Amerikaner!
Kuckt emol wéi si d’hallef Welt ausspionéiert hunn, inklusiv den Telefon vun der Frau Merkel.
Kuckt emol wat sie hirem eegene Vollek undinn, illegal Gefaangenelager ënnerhalen, Folter applizéieren, déi schwaarz Bevölkerung kujenéieren, déi nordkoreanesch Drecksäck!
… Ah nee, dat sinn jo d’Amerikaner! Schued datt et net Koreaner sinn.
Mee dann kuckt awer emol wéi déi Nordkoreaner de culot hunn, nom Papp säin eegene Fils President ze maachen. Dat ass dach net demokratesch; dat ass dach ondenkbar an Amerika.
Déi nordkoreanesch Drecksäck!
Kuckt emol wéi se am Mëttelmier Dausenden vun Flüchtlingen ersaufen loossen, déi dreckesch Nordkoreaner!
Ah sou, dat sinn jo mir Europäer!
Schued datt et net Nordkoreaner sinn, déi hätten en ideaalt Feindbild ofginn.
Dann kuckt emol d’Russen, déi Drecksäck, mat deem Macho vun Putin!
Stellt iech vir: 40 % vun de Russen halen d’Homosexualitéit fir eng ustiechend Krankheet! 40 % !!
Am Vatikan sinn et 100 %