Jo, den Emmanuel Macron huet manner Programm wéi meng Wäschmaschinn an trotzdeem musse mer hien am 2. Tour ënnerstëtzen fir eng Le Pen ze eliminéieren, do sinn mer eis eens.
Mee wat hate mer dann fir e Choix beim 1. Tour?
Mélenchon, Macron, Fillon, Hamon, … Bidon, Melon … do feelt eigentlech just nach de „grand con“.
Ah nee, deen ass jo do, ënnert dem sigle “Front (national)”, bei eisem esou bescheidenen Noper, der “Grande Nation“.
Am Verglach zu dësen Kandidaturen luewen ech mer den Ferdinand Lop, deen 1939 mat an d’Walen gung mat Fuederungen wéi en Tapis roulant fir Trottoirsmeedercher, eng Rent fir d’Wittfra vum onbekannten Zaldot, d’Ofschaafen vum läschte Waggon am Metro an d’Erofsetzen vun der Schwangerschaft vun 9 op 7 Méint.
Mee loosse mer Satire op der Säit, well Zäiten sinn net fir ze laachen.
Bal all Kandidaten am 1. Tour hunn sech em déiselwecht Doktrin beméit déi een am Treffensten mam Qualifikatif „National Liberalismus“ beschreift, d.h. Liberalismus fir déi Räich, Nationalismus fir déi Aarm.
Dës ekelhaft Ideologie kenne mer jo ewell ausgiebeg vun Leit wéi Erdogan an der Türkei, Kaczyήski a Polen, Orban an Ungarn an natirlech Trump an Amerika, de Bonux Cadeau vum Kapitalismus schlechthin.
Frankräich huet jo laang schonn déi ongesond Tendenz den Auslänner Schold un hirem Misère ze ginn.
Esou gouf 1983 e Gesetz gestëmmt wat Net-Fransousen obligéiert sech all Moment musse kënne auszeweisen.
Wéi dat Gesetz applizéiert muss ginn, huet den Tribunal de Grande Instance vun Versailles preziséiert.
Zitat: « un contrôle est légitime face à un individu susceptible de par son aspect, son comportement, sa tenue vestimentaire, voire sa diction (sa diction !), de ressortir d’une nationalité étrangère ».
Dat war ënnert dem sozialisteschen President François Mitterrand!
Mir ginn also rosegen Zäiten entgéint.