RTL - Carte Blanche

Carte Blanche - Paul Hammelmann, 30/06/2017


Listen Later

Jo et ass e reelle Pleséier sech an enger Stad opzehalen wou den Auto net omnipräsent ass.
Jo et ass gemittlech duerch eng Uertschaft ze trëppelen, mam Vëlo ze fueren, wou d’Geräischkuliss net vum motoriséierten Verkéier diktéiert gët.
An neen, et ass kee Pleséier wann Samstes moies an der Ënneschtgaass eng 300 Leit hiert eegent Wuert net méi verstinn, well 1 (een!) Hauli op engem Motorrad, ouni Schalldämpfer, wichtegtueresch ënnerwee ass.
Neen et ass kee Pleséier wann op de Vëlos- an Foussgängerweeër systematesch Camionnetten parken an de Vëlo, an d’Mamm mat der Kutsch mussen op d’Strooss auswäichen.
Dofir halen ech et mam franséischen Szenarist Michel Audiard dee gesot huet: „Police ass e bëssi wéi d’Muttergottes; wann se net heiansdo erschéngt, kommen Zweifel op“.
Et ass a mengen Aen kontraproduktiv wann déi sougenannten kleng Infraktiounen nëmmen seelen gestrooft ginn; sie riskéieren dann sech anzebiergeren an ëmmer méi heefeg ze ginn.
E Beispill: virun 20 Joer war et quasi onméiglech an der Stad Lëtzebuerg eng Parkplaz ze fannen. Zenter awer Falschparken systematesch sanktionéiert gët, sinn op eemol och erëm Parkplazen fräi!
Dura Lex, sed Lex, esou einfach ass dat.
Dëst Beispill soll awer beileiwen keen Plaidoyer fir den Autosverkéier an der Stad sinn.
Au contraire. Wat waren dat pervers Architekten déi an den 70 Joeren Foussgänger an den Sous-terrain verbannt hunn, fir den Fetischisten vum Explosiounsmotor op der Strooss Plaz ze man!
Fir awer eng Stad fir de Vëlosverkéier attraktiv ze man muss een couragéiert virgoen an alles ënnerhuelen fir datt Vëlofueren komfortabel an sécher ass.
Sous z.B. huet d’Oper vun Nijmegen eng Plattform gebaut wou de Camion ëm 180° gedréint gëtt, fir ze vermeiden datt en dëse Manöver muss op der Strooss, um Vëloswee machen.
An Holland däerfen dann och Vëloen niewent eneen fueren an d’Sinistralitéit ass quasi inexistent.
De Vëlofuerer huet jo, contrairement zum Autofuerer  - den Anonymuss an sénger Blechkarross – Bléckkontakt an kann seng Reaktiounen präventiv matdeelen, dat wat jo och fir all Verkehrsteilnehmer, am „shared space“ soll erreecht ginn.
Nijmegen war fir eis all e Besuch wäert: mir wëssen elo datt mer zu Lëtzebuerg um gudde Wee sinn, mee nach vill Retard mussen ophuelen.


...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners