Gustav Adolf II.
Déi éischt an déi schéinst Erfindung vun all Filosofie oder Sophistik zanter 2600 Joer ass, dat eis Moral an eise jeeweils héllechste Glaw, op engem Ënnerscheed berouen, dee keen ass. Woufir mir haut wëlle “striewen” – oder de Noper beschäissen – hu mer muer scho vergiess an ass obsolet. Beispiller gefälleg?
E klengt vir. Ass nach – méi genee: war net eis Personalsphär viru kuerzem nach sakrosant an “onantastbar”? Haut brécht all gudde Broutdag den de Maizière e Stéckelchen dovunner oof: dir wëllt jo sécher sécher sinn? Also: finito da mat ärer intimer Intimitéit.
Oder: 500 Joer sinn et hier, dat en däitsche Mönch seng Thesen un eng Kathedrals-Dier geneelt huet. Onerhéiertes: selwer kënnt een d’Bibel liesen – de Mönch hat s’onvergänglech iwwersat. – De Glaw géif séileg man, net gutt geméngten Doten wéi z.B. eng Spend fir de Sahel oder e Super Ablass. – All drëtten Däitschen huet dorops an dowéinst säi Liewe gelooss an e schwedesche Gustav, “den andere Adolf” – wuertwirtlech – war e Glanzstéck vum 30 jährege Krich.
Méi no – oder méi wäit bei eis. Schloe net weider sech Schiiten a Sunniten d’Käpp an, well de jeeweilegen offizielle Nofolger vum Proféit net de richtege war? Mir, tolerant, d.h. gläichgülteg a net interesséiert, verstinn d’Welt net, obschon den Dauerbestseller “von Bagdad nach Stambul” alles dohannen, mat 150 Joer Avance endgülteg ventiléiert huet.
Ennerscheeder, déi keng sinn. Oder: mir hunn anerer, an hir Fiktiounen, also do sinn: Index, Wuesstem, onbezuelbare Wunnraum a lauter léif Friemer, déi ons hier Sproch bäibrénge wëllen, mir déi eegen selwer verhonzen.
E weideren Ennerscheed, dee keen ass, géif en Erziehungs oder Em-Erziehungs Minister soen. De Choix, deen hien eis léisst, ass och alt keen.