RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Paul Kremer, 05/10/2018


Listen Later

Lëtzebuerger Walen
Iwwert eis Walen ass alles gesot ginn, plus de Konträr. De basso continuo awer schèngt ze sinn: entweder: wëllt dir d’Weiderféierung vun der aktueller Regierung, déi neie Wand als Durchzuch durch d’Land geblosen huet, oder kënnt déi uraal C-Partei erëm a sicht sech e genehme Niewepartner, dee schon an der queue steet?
Sougenannte wiesentlech Problemer goufe virsueglech escamotéiert. Mir si jo weder xenofob nach antisemitesch oder Israel-kritesch, nach siche mir no “Sonner-Weeër”” an der europäescher Unioun. Mir liewe gutt a gär mat oder niewt eise Banken, déi net onanstännesch sinn, mee déi en eegene Wee sichen oder font hunn, ouni international Gesetzer unzerempelen nom juristesch einwandfreie Motto: wat net verbueden ass, ass bis op Weideres erlabt.
Mir si stolz drop, eng Krankekees ze hunn, déi wäit a breed näischt Equivalentes huet. Mir hunn den Ënnerscheed tëscht Aarbechter an Ugestallten ausgewëscht; eis Wirtschaft boomt, a franco-belsch Stauen beleeën et, an e Problem mat Zouwanderer an/oder Muslimen hu mer och keen: jidderengem säin Handy a seng faarweg Turnschlappen a scho wiir d’Saach gebongt. Sou what?
Bezuelbare Wunnraum ass en Dauerbrenner. E bezuelbaren Index? – No problem. – Zoubetonéiert, versigelt Stad a Land? An trotzdem ass eise Schofskéis dee beschten, d’Mettwurscht déi säftegst a souguer de Champes ass méi onverfälscht wéi auslännesch Fabrikater, déi mer léiwer hei net nennen.
E neie SUV, eng Pëngscht Croisière mat Jux a Gekikkels an eng Loftlinn fir Räich an Aarm – sou wäit a sou léiw, wéi der wëllt: Härz, wat begiers du?
E klenge Bemoll: mir hannerloossen e 6fachen ecologeschen bzw. anti-ecologesche Foussdrock. Am Klortext: jiddferee vun eis brave Bierger verbraucht 6mol méi Energie wéi der nohalech nowiisst. Brutal gesot: jiddferee vun eis klaut elo oder zukünftege Generatiounen d’Liewesgrondlaach an daat an enger Ëmwelt, wou fir d’éischt an der Mënschheetsgeschicht alles ronderem eis oofgezielt, klasséiert – a verbëtzt gëtt. – Armageddon huet sou eng Fahrt fréier geheescht.
Ass dat eis och eendunn? Oder sti mer op wéi e Mann bzw. eng Dame a soen: Lo geet et dees duer! A wielen en Zwangs-System wou jiddfereen, ofgeschwat an ofgedeelt, säi Grèppchen zegutt huet a net méi, quitte datte manner Leit weltwäit gebuer dierfe ginn.



...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

65 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners