Petitoun Letzebuergesch
Stellt iech fir, am Frankräich géif eng grouss Volleksbewegung fuerderen: Franséisch als Landessprooch, oder an Däitschland: Mir sollen däitsch léieren kënnen, schwätzen a schreiwen. Mir géifen de Kapp rëselen. A wa mer et d’selwecht bei eis wëllen hunn, wéi si mat Recht bei sech – gehéieren mer dann op de rechten, populistesche Rand vun der Gesellschaft?
Wuelverstan: Jo. Wuelverstan: also: richteg, a net falsch verstan. A grad sou: de rechte “bord”, also: deen, wou a wéi et sech gehéiert – an da si mer och gären “populistesch”, wat jo heesche soll: eben wéi d’Vollek. – “Wir sind das Volk” hu se mol do iwwer geruff, a mir hunn dat, zu DDR-Zeiten, gebührend bewonnert.
Am schéinsten awer vun alle Grossherzogtimmer soll dat eng Zoumuddung sinn: och nach juristesch Texter op lëtzebuergesch ze handhaben, an zwar: zerguttst. – “Dat geet jo net”, mengen sécher francophon Affekoten oder schei Magistraten.
Analog gouf virun 30, 40 Joer och nach zur Philosophie gesot, dass där hier Fachsprooch, sou wéi déi juristesch, ze “sperrech” wier, fir op Cliärwer, Veiner oder Iechternocher iwwersat ze ginn – sou laang, als bis e jonken Denker an en interesséierten Redakter et zesummen dach gemaach hunn. – Sot kengem et: dee Redakter ass well Patron hei am Betrieb. ‘D goung, an d’Leeschtung vun deemools, ass haut, wéi Handy oder Internet: eng Banalitéit, och wa se, ier s’erfont waren, fantastesch science-fiction war.
Also: Lëtzebuerg, plus Lëtzebuergesch de Lëtzebuerger. Blouss een Zousaz sief erlaabt: dann awer och am Eescht, a w.e.g. e Lëtzebuerger Wuert do, wou eent ass, a net aus Bequemlechkeet – oder fahrlässeger Faulheet, dach e franséischt...