Näid
Wie liewt net gär an engem anstännege Staat, wou net agebrach gëtt, d’Leit sech net zerklappen, eise Viirgärtchen net zertrëppelt gëtt a kee vrun eise Garagen-Afahrten parkt?
Sou hätte mir et gär, a sou hu mer et, zefriddestellend. – Nu brauch all Staat dofir Geld: hie muss jo fonktionnéieren, aushëllefen, organiséieren, Initiatiounen huelen. Dofir ass jiddferee gebieden, seng Deel beizesteieren. Dofir also de Numm: Steiere bezuelen.
Wat een ewechgëtt, huet ee net méi. A wann ee mer seet: kuk, ech weisen dir, wéi’s de legal Steiere spuere kanns – wie seet da neen?
Nu liewe mir, an déi Aner och net, eleng op dëser Welt, a jiddfer Staat ka sech seng Gesetzer gin, un déi seng Leit sech mussen halen, well soss de Buttek zougemat gëtt. – Wat awer ass dann, wann ech, du, eng Bank, eng Entreprise probéiert, iwwerall do wou se präsent ass, Steieren ze spueren, legal? Da nämlech, wann een ëmmer déi jeeweilech Legislatioun respektéiert. Nëmme grad: et gëtt där e Koup, a wat hei verbueden ass, ass do iwwer vläicht erlabt, an ëmgedréit.
Een Euro vun dräi kënnt hei zu Lëtzebuerg aus sou legale Geschäfter mam Hin-an-Hir. Allerdengs: fir dat sou färdeg ze bréngen, muss ee clever sin. – Déi eng sin et, déi aner net. Am Foussball ass et net anescht.
An d’Moral? D’Moral vun der Geschicht ass de Näid. Wann de Noper sou Steiere spuert, nëmmen ech dat net färdeg brèngen, fannen ech et net moralesch, well ech selwer net sou gudd ewechkommen. Bei Länner ass et net anescht. – Méi ass dann och net dozou ze soen. Wat d’Moral bei Waffen-Handel ass, steet op engem anere Blaat. – Lëtzebuerg op jiddefall verkeeft keng Panzer an eisen éischte Flugzeugträger miisst mol d’éischt op der Musel getest gin. –
Sou wäit awer si mer nach net.