Katalonien
De Filosof war fir d’éischt a Katalonien, wou Plakaten do houngen mat: “25 Joer Fridden”een Zynismus vum Franco mat senger Troddel um Schëfchen? – Hien huet Spuenien den 2. Weltkrich erspuert. Frot de Führer zu Hendaye!
Barcelona war en Duerf. Semana santa. Zaldoten am Helm si gebremst lanscht gezunn, d’Maschine-Gewiehr op de Pavé geriicht. Makaber wéi soss nuren an Andalusien.
Dir koumt owes net eleng an den Hotel eran. Dir hutt misse klappen. Da koum de Nuets-Wéichter mat sengem risege Räif Schlësselen. 14. Joerhonnert?
Sagrada Familia. Grotesk. Wie baut schonn am XX. Joerhonnert eng pseudo-gotesch Kathedral? – De Filosof huet : “Nee” gesot. Verstitt! Hien hat de Courage am “templo expiatorio” e Meescherwierk ze gesinn. D’Zäit sollt em Recht ginn.
“Catala a l’escola” stong e puer Joer méi spéid op Lantere gespréit. Am Musée fir catalanesch Musek hutt dir e Virtrag op catalanesch héieren a verstan. De Jordi Savall huet ugefang aus ale Pergamenten Musek ze maan. Hien huet mäin Alter. –
Spuenien ass e grousst Land. Spuenien ass e Land mat Zukunft – och mam Rajoy, och wann hien, wéi all Galicier, virgehale kritt, wann der hien an der Trap begéint, ni géif weisen, op en lo rop oder rof wéilt.
“Matamoros” war joerhonnertelaang e Luev. – Déi verréckste Kënschtler koumen vun do: de Joan Miro; de Picasso – hunn zu Barcelona gewierkt.
Nobel Dammen hunn e Numm, laang wéi hir Ceinture a si blond wéi e Schwarzwald-Mädel.
Mir halen zou ën, an halen hinnen zou. Op enger Bänk huet een Zäit fir dat richteg ze fannen.
Lëtzebuerg trëtt net aus dem Benelux aus. De Vargas Llosa hat Recht: waart emol!