RTL - Carte Blanche

Carte Blanche Paul Rauchs, 07/04/2017


Listen Later

Eis Parteien haalen dësst Freijohr eng no der aanerer, pardon eng niewt der aanerer, hir Kongresser of, a lauden domat de Kampf fir d'Gemenge- mé och natiirlech fir d'Chamberwahlen an. D'Letzeburger Wort gëtt der CSV Schützenhëllef a wëllt Evenementer déi keng sin zu Skandalen opbauschen déi och neischt gin. Am lénken Eck gëtt virun énger CSV-ADR Koalitioun gewarnt, vun där muncher an der Ex-Rentnerpartei och schon drémen. An dofir huet de Gast Gyberien dann och schon d'Fréijohrsbotz a sénger Partei gemaach. Wéi e richtege Regisseur huet en e Remake gedréit vu "Chez nous", engem flotten a wichtege franzéische Film, dén nach bis virun 2 Wochen an eise Kinoen gelaaf ass.

    De Lucas Belvaux huet a dësem Film op d'Geschicht an och d'Gefohren vum Front National higewisen: den excellenten André Dussolier spillt en honorabelen Parteibonz dén d'Drecksaarbecht vum Stéphane, éngem klénge brutalen Neonazi maache léisst. Mé fir séin demokrateschen Scheinmäntelchen unzehaalen, muss de "Bloc Patriotique", alias Front National, dee béise Stéphane aus sénge Reihen ausschléissen.

    Erënnert dëss Geschicht iech un neischt ? Virun e puer Wochen ass dach e gewësse Joe Thein aus der ADR geflun well en e Like op Facebook gemaach huet fir en Opruff de Jean Asselborn am dekapotabelen Auto durch Dallas ze féieren. De jonke Mann huet sech dono als Opfer, net vun Homophobie, mé, lauschtert elo gudd no, vun Naziphobie gesin. Am Jacques Molitor séngem Film Routweissgro dréckt de Joe Thein da séng Bewonnerung fir séng Urgroussmamm aus, déi an hirem laange Liewen villes gesin huet, an ech zitéieren elo sënngeméiss aus der Erënnerung: nämlech 2 Weltkricher, dat kommunistescht Deitschland, de kaale Krich an den islameschen Terror. Hie verléiert awer kee Wourt iwer dem Hitler séin Drëtt Reich, mé déi Ausdréck déi een nët gebraucht, jeitzen heiandsdo méi haart wéi déi déi ee gebraucht.

Den Episod geet schliesslech aus wéi dem Belvaux séi Film:  chez nous aussi geheit de reputéierten Deputéierten Kartheiser de blannen Thein aus der Partei, déi séch genee wéi dem Marine Le Pen séi Front National dediaboliséiere wëllt. Iwréins huet de Lucien Welter, dé mat sénger Petitioun 698 fir d'Opwertung vun eiser lëtzeburger Sprooch kaempft, dem Joe Thein op Facebook séng Sympathie erklärt. Hien ass viru kuerzem dem ADR beigetratt. Abbe, mat esou Frënn brauch de Gast Gyberien geschwë kéng Feinde méi, mee en haett sech misse besser renseignéieren bei den Ex-Geheimdéngschtler, vun denen et jo anscheinened eng ganz Parti a sénger Partei gëtt.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners