RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Paul Rauchs, 13/11/2017


Listen Later

Ennert deene sellege Geburtsdeeg déi mer a leschter Zeit gefeiert hun, ass een an de Medien e bësse vergiess gin, naemlech den 30. Geburtsdag vun der asbl "Liewen dobaussen". Et ass dëst eng Associatioun déi geeschteskrank Patiente begleet wann se aus dem Spidol entlooss gin. Sie bedreiwt ënner aanerem therapeutesch Atelier'en a betreit Wunnen, Strukturen also déi tëschent dem Spidol an dem doheem fonktionnéieren. 2 Joer virum Berliner Mauerfall huet "Liwen dobaussen" gehollef de Mauerfall vun der Ettelbrécker Maison de Santé ze begleeden. Sie huet de Kranken déi aus dem psychiatreschen Asyl koumen en neien Asyl gin, an huet domat dem Wourt Asyl séin ursprünglechen, nobele Sënn erëmgin. De psychiatresch Kranken gëtt nët fir neischt vun de Fransousen en Aliéné genannt, also e Friemen, en Aaneren, e Refugié, virwaat nët.  Well hien ass tatsaechlech, wann och nëmmen a sénge Krisen, e Refugié vun der Vernonft.  An e Refugié, siew et e politeschen ouder e medezineschen, steet leider Gottes nach ëmmer vill ze vill viru Maueren, Maueren déi an hire Kepp sin, Maueren déi an onse Kaepp sin, Maueren déi, trotz Schengen, nach ëmmer ofgrenzen an ausgrenzen. D'Valeuren vun enger Gesellschaft definéieren sech an dem Asyl dén sie dene Friemen an dene Schwaache gewährt. Den Trump probéiert eng Mauer ze bauen, "Liewen dobaussen" huet et ereecht dëss Maueren zu engem groussen Deel ofzerappen.

A "Liewen dobaussen" krit Hëllef dobei vun enger aanerer, nach vill méi jonker Asbl, déi sech "Psychart" nennt. Virun e puer Joer hun sech naemlech eng Partie Kranker a Betraffener mat Professionellen aus der Psychiatrie zesummegedoen fir durch d'Konscht eng sëllech Virurteeler géint déi Patienten ofzebauen. Sie organiséiert e Mëttwoch hire scho 6. Symposium iwer Konscht a Psychiatrie. Sie erlaabt et onbekannte kranke Koentschler hir Wierker mat dene vun unerkannte anscheinend nëtt kranke Koenschtler ze konfrontéieren. An der Konscht naemlech hun d'Mauere tëschent normal a krank nie bestaan, mir denken nëmmen u Musiker wéi de Robert Schumann ouder un den Art brut. Dir sid alleguer invitéiert e Mëttwoch an den Trifolion wou ët dëss Kéier em Cinema a Psychiatrie geet.





...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners