RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Paul Rauchs, 18/01/2017


Listen Later

Wat huet d’Wahl vum Trump mat der Qual vun eiser Sprooch ze din ? Ma deen een gët um Enn vun der Woch als neien amerikanesche Präsident vereedegt, waehrend iwer déi aaner am Ufank vun der Woch an der Chamber debattéiert gin ass. Dee gewielten Präsident wëllt eng Mauer tëschent Mexiko an Amerika bauen, waehrend nët gewielte Letzebuerger eng Mauer opriichten  wëllen tëschent hirem Dialekt engerseits, an der deitscher a franzéischer Sprooch aanerseits. Mé dat staarkt Amerika huet et genau esou wéineg néideg protektionistesch a populistesch ze reagéieren wéi daat staarkt Letzeburgesch dat nach nie vun esou ville Leit geschwaat a verstaane gouf. Deen een ass vun énger Minoritéit vu weisse protestantesche Männer gewielt gin, déi aaner gët vun énger Minoritéit vu katholesche Maenner baal wéi eng Fussballsequip ugefeiert. Well wat sin da baal 15000 Ennerschrëften déi Lëtzeburgesch als Amtssprooch verlaangen, géint méi wéi geschaetzt 300.000 Bierger déi dëss Sprooch all Dag doheem, op der Aarbecht, am Bistrot an heiandsdo zugour am Buttik schwetzen ? Eng geschwetzeg Minoritéit wëllt also Letzeburgesch zu énger langweileger Amtssprooch maachen, waehrend eng schweigend Majoritéit hire Schrëftsteller a Matbierger vertraut Lëtzeburgesch als eng léiweg Sprooch all Daag erëm nei ze erfannen.

Wann ech dat Wuert Amtssprooch héieren dénken ech fir d’aller éischt emol un amtlech « Bekanntmachungen » déi vill vun eis nach a onglécklecher Erënnerung hun. Neen, ech wëll méng Mammesprooch nët zur Amtssprooch degradéieren well si mer vill ze schoud an, wéi den Herr Welter sot, ze helleg ass fir se am Courrier mat allméigleche Verwaltungen ze verhonzen. Iwréins haale verschidde gléweg Juden et aehnlech mat hirem Hebraischen. Méng Mammesprooch ass wéi all Sprooch reich a verschiddenen Domänen an ass blann a stomm wat aaner Themen ubelaangt. Eis Mammesprooch ass wéi all Sprooch nët komplett, ënner aanerem wëll si justement kéng Amtsprooch ass a bis an d’19. Jorhonnert och kéng Schrëftsprooch war.


D’Psychanalyste soen eis dass de Fetischismus neischt aaneres ass, wéi dëse Manktum vun der Mamm a vun hirer Sprooch verstoppen ze wëllen. Mir sollen eis also hidden e Fetisch aus eiser Sprooch ze maachen. Juristen, Schrëftsteller, Soziologen, Enseignant’en a last but not least och Ekonomisten gin dann och nët midd eis ze soen wéi onsënneg, jo wéi suicidär et wier, den Amtsschimmel op lëtzeburgesch wiehern ze loossen. An dem Sënn : mir wëlle schwëtze wat mer sin a wëlle beileiwen kéng Hochstapler gin déi e geliftent a botoxéiert Kauderwelsch imposéiert kréien. Mat esou 14 000 Frënn brauch eis Sprooch kéng Feinden méi.




...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners