RTL - Carte Blanche

Carte Blanche: Paul Rauchs, 19/02/2018


Listen Later

Dat den CSV-Präsident en déckt Déier an der Politik ass, wosste mer jo. Dat en awer de Stammdeschhumor vun den Deckkaepp huet, wousste bis elo déi mannst. Mat séngem schlüpfregen Ausrutscher iwwer déi rosa Uniformen, déi den Etienne Schneider, geouteten homosexuellen Policeminister, sénge Beamten anscheinend schneidere wéilt, huet de Marc Spautz tollpatescheg probéiert d'Fënsteren erem zouzemaachen, déi d'Gambia-Koalitioun opgerapt huet. Speziell a gesellschaftspolitesche Froen wéi Trennung vu Kierch a Staat an dem Bestiednis vu gleichgeschlechtleche Partner huet dëss Chamber Gesetzer gestëmmt an Akzenter gesaat, déi längst iwerfälleg waren.  Et ass verstaendlech an demokratesch gesond dass nët jidfereen domat d'accord ass a séng Meenung dann och öffentlech an argumentéiert vertrëtt.

    Mat sénger homophober Bemierkung huet de Marc Spautz awer wourtwiertlech ënner d'Gürtellin geschloen. D'Laachen am Sall huet bewisen dass ënnerschwelleg Aengschten virun énger Liberalisatioun vun eiser Gesellschaft nët einfach duerch e Gesetz aus der Welt geschaaf gin. Et ass un eise Politiker fir dëss Aengschte serieux ze huelen, nët driwer ze laachen an Opklärungsarbecht ze leeschten. Den Humor ass woul eng excellent Protektioun géint berechtegt Aengschten, mee e bëllege Witz ass Oueleg op d'Feier vun onberechtegten Aengschten, well, wéi sot de Brecht: "Der Schoss ist fruchtbar noch ..."
Zënter dem Freud sénger "Psychopathologie des Alltagslebens" wësse mer dass de Lapsus, an dat war et jo anscheinend, deen zouverlässegste Wee zur onbewosster Wouerecht ass. Zur Wouerecht vum Präsident, mé zur Wouerecht hoffentlech nët vu sénger Partei. Am Mëttelalter war d'Homosexualitéit eng Sënn, viru manner wéi engem halwe Jorhonnert war sie fir d'amerikanesch Psychiateren eng Krankheet, an haut ass se a ville Länner nach ëmmer  e strofrechtlecht Vergehen. Fir den Herr Spautz schéngt sie eng lächerlech Anekdot ze sin.

    An énger Zeit wou am Ausland Ministeren an aner héich Verantwortlecher hiren Hut huele missten, nodeems se sech e puer galant, respektiv sexistesch Bemierkungen erlaabt haten, ass et bedenklech dass zu Lëtzeburg ausgerechent en ex-Familjeminister homophob Witze reisst. Sécher, mir musse oppassen dass d'politesch Korrektheet nët zu éngem neien Ordre Moral ouder zu énger iwerspëtzter Zensur féiert. Mé de Pierre Desproges huet scho viru Joeren dëss Problematik op e Punkt bruecht: "On peut rire de tout, mais pas avec n'importe qui." Et ass elo un der Partei vum Herr Spautz ze beweisen, dass hire Südkongress kee Stammdësch war.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

66 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners