Wéi seet é Petitioun eigentlech op lëtzeburgesch ? Hausdéierourdnung, Fuerzlëscht ouder vleicht Kléngtioun ? Dëss zugegeginn e bësse laecherlech Fro beweist wéi absurd et ass, eis letzeburger Mammesprooch zu énger Pappesprooch ze maachen, zu der 1. nationaler Amtssprooch, wéi d’Petitioun 698 et verlaangt fir déi haut iwréins de Schlussdaag ass fir se nach ze ënnerschreiwen. Schon den Text vun dem Lucien Welter sénger Petitioun beleet d’Onméiglechkeet vu sengem Ulées: en enthält nämlech eng hëlle Wull vu franzéischen an deitschen Gaaschtwierder an ass an enger ganz approximativer an dofir och sympathescher Orthographie geschriwwen. Eng Sprooch léisst sech nun emol net vun ouwen erof dekretéieren. Mir herrschen iwer keng Sprooch, ganz einfach wëll d’Sprooch eis beherrscht, wëll si Haer a Meeschter iwer eist Denken an eis Psyche ass. An aanere Wierder : wien d’Sprooch légiféréieren wëll, dé wëllt och, bewosst ouder onbewosst, iwer deen légiféieren dén déi Sprooch schwëtzt. D’Beschaeftegung mat Dialekter a regionale Sprooche ass also ëmmer och e politeschen Akt. De Ruf no hierer Opwertung koum an de 70er Joren aus dem lénks-kulturelle Lager an huet sech dann zënter den 90er Joren an dem rechten jo soguer extremrechten politesche Bord verluer.
Mir hun eis Mammesprooch mat der Mammemëllech eragesuckelt. Mir schwëtze se, wéi de Mond eis gewuess ass a mir schreiwen se eigentlech ereischt (vun e puer brillante Könschtler a Schrëftsteller ofgesin) zenter mer e-mailen an sms’en verschécken. D’Letzeburgescht huet also aus eegener Kraaft eng grouss a sécher Zukunft virun sech, a brauch net vu gutgemengten Polizisten ënner d’Aerm gegraff ze kréien, déi och geschwënn fourderen dass eis Kanner nët méi Kevin, Steve ouder Jessica heeschen daerfen, mé erëm Pit, Jemp a Maria. D’Letzeburgescht brauch och nët vu populistesche Politiker als eng weider offiziell EU-Sprooch gepuscht ze gin, vu Politiker déi woul méngen dass d’Sprooch neischt aanescht ass, wéi een Dialekt deen et zu eppes bruecht huet, dank politescher Lobbyaarbecht.
Also solle mer dach einfach stolz a frou mat eiser dialektescher Sprooch sin, se net als en Instrument vun Ausgrenzung benotzen an se nët an e Prisong vun Gesetzer a Regelen stiechen. Fuere mer dach einfach weider mat hir ze spillen, englesch, franzéisch an deitsch Wierder ze gebrauchen a vergiesse mer nët dat déi flotts a gewitzt letzeburger Wierder aus dem Jénesche kommen, der Sprooch vun de Weimerskircher Lompekremer déi och irgendwéi Famill mam Jiddesche ass. Eis Sprooch huet ëmmer friem Wierder opgeholl wéi eist Land ëmmer friem Aarbechter opgeholl huet a wéi eis Kachdëppen ëmmer friemt Iessen matgekacht hun. D’ass iwréins nët fir neischt dass de Franzous, dé jo anscheinend eppes vu Gastronomie versteht, nëmmen ee Wuert fir Sprooch a vir Zong kennt. An do drop hin gin ech elo mat ménger Moss e Croissant iessen an en Espresso drénken.