RTL - Carte Blanche

Carte Blanche: Perséinlech Daten - ee Paradox, 21/03/2018


Listen Later


Wann Daten, virun allem privat an net-ëffetlech Donnéeën geleakt ginn, suergt dat ëmmer erëm fir Opreegung a Schlagzeilen an de Medien. Rezent Beispill: D’Affär mat den Donnéeën aus der Chamber. An dësem präzise Fall stellen sech, wéi et ausgesäit, zwou Froen:
1.    Wéi ass et méiglech, dat d’Datendier bei enger esou enger wichteger ëffentlecher Institutioun esou breet op stoe konnt?
2.    Bei wiem läit d’Responsabilitéit fir, dat, wat geschitt ass, an sinn jo oder nee juristesch Suitten et an esou engem Fall méiglech an néideg?
Et besteet ewéi et esou schéin heescht Erklärungs- a Klärungsbedarf .
Zréck zu perséinlechen Donnéeën an dem Thema Datesécherheet am allgemengen.
De 25. Mai dëst Joer ass an dësem Kontext ee wichtegen Datum. Dann trëtt nämlech déi ominéis GDPR „General Data Protection Regulation“ an de Länner vun der Europäescher Unioun a Kraaft. Des nei Regulatioun soll am Prinzip d’Rechter vun de Biireger stäerken.
Dëst ass vun der Ausriichtung hier eng gutt Saach. Natierlech awer läit den Däiwel ewéi ëmmer am Detail an d’Problemer, déi virun allem vill Entreprisen mat der Ëmsetzung hunn, ass enorm. Virun allem a Secteuren wou mat vill Donnéeën geschafft gëtt, ass den techneschen Opwand grouss. D’IT-Erausfuerderung  ass enorm an et besteet de Risiko, datt déi eng oder aner Entreprsie hei an Europa ee evidenten Konkurrenzdefizit géintiwwer Firmen aus aneren Regiounen oder Länner kritt, déi beim Dateschutz manner hefteg Schutzbestëmmungen hunn.
Mat der neier Reglementatioun ginn virun allem och d’Rechter vun Leit gestäerkt. D’Prozeduren fir iwwerhaapt kennen Daten ze sécheren ginn méi komplizéiert.
Gutt fir d’Leit, kéint een einfach esou pauschal soen. Nu stellt sech an dësem Kontext d’Fro, op d’Leit sech bewosst sinn, wat si selwer mat perséinlechen Daten maachen a wat si vun sech selwer präisginn. Quasi dagdeeglech.
Ech denken hei un d’sozial Netzwierker wou vill Leit en oppent Buch sinn. Hei sinn d’Leit selwer zoustänneg fir den Dateschutz. An et kann ee feststellen, dat hei net besonnesch vill geschützt gëtt.
Op der enger säit also europäesch Reegelen, déi méi wäit ginn, wéi op anere Plazen an der Welt, op der anerer Säit vill leit, déi sech souzesoen selwer ëffentlech maachen an déiwen Abléck an hiert Liewen an an hier Privatsphäre ginn. Ee paradox. Eng Realitéit awer. Eng ganz gelungen...


...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

65 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners