Et ass also vollbruecht. Dat finaalt Puzzlestéck am Dossier Trennung vu Kierch a Staat, nämlech d’Gesetz iwwert d’Ofschafe vu deenen 285 Kierchefabricken, ass d’läscht Woch an der Chamber gestëmmt ginn.
D‘Empörung bei den Acolyte vun der kathoulescher Kierch war grouss, notamment beim Syndicat Syfel a bei der CSV.
Beim Syfel kann een d’Opreegung jo iergendwéi verstoen. Kee wëllt bekanntlech en Acquis oder e Privileg opginn, a wann en à la base nach sou ongerechtfertegt war. Bis elo konnte verschidde Leit an deenen archaësche Kierchefabricken monter Suen, Terrainen a Gebeilechkeeten an totaler Ontransparenz an ouni jeglech Finanzkontroll geréieren an ronderemréckelen a fläißeg Defiziter maachen, di da vun der Allgemengheet couvréiert goufen. D’Avoire vun der Kierch ginn an Zukunft just nach vun enger mëttelalterlecher Struktur assuréiert, dem Bistum, deen awer ëmmerhi seng Defiziter selwer muss bezuelen. An hoffentlech all Joer enger onofhängeger Finanzkontroll ënnerworf gett... Am Fong misst jo och d‘Fro erlaabt sinn, wou di ganz Avoiren iwwerhaapt hier kommen...
Komme mer bei d’CSV. Huet een där enger oder anerer Deputéierter am Débat nogelauschtert, sinn engem bal d’Tréine komm. Do huet sech dach di béis DP-LSAP-déi Gréng-Regierung tatsächlech erdreist, 285 archaësch Strukturen hei am Land op ee Coup ofzeschafen. Moment mol: Kierchefabricken, dat huet dach mat Kierch ze dinn, dat ass dach CSV-Domaine. D‘CSV hat dach ganz sécher als Prioritéit Nummer 1, di mëttelalterlech Strukturen ofzeschafen? Mee Moment mol nach eng Kéier: war dann net grad déi CSV vun 1979 bis 2013 onënnerbrach an der Regierung, an hat 34 Joer Zäit, den Dossier unzegoen? Eh bien dach. Huet se et gemaach? Eh bien nee. D’gehéiert wirklech grenzenlose Culot dozou, fir sech elo dohinnzestellen an ze behaapten, di Reformen hätt ee jo selwer wëllte maachen. An dobei wuel ze denken, dass d’Leit hei am Land sech wierklech op deem doten Niveau fir domm verkafe loossen.
Op gesellschaftspoliteschem Niveau, an do zielen ech d‘Trennung vu Kierch a Staat dobäi - och wann se weder perfekt nach komplett ass - huet d‘DP-LSAP-déi Gréng-Regierung eist Land massiv viru bruecht, an dat no 34 Joer CSV-Stëllstand. Déi emgesate Reformen kommen eigentlech alle Bierger entgéint.
Deene Gleewegen gouf hiere Glawen a kengster Weis weggeholl oder ageschränkt. Au contraire, jiddfer Gleewegen – an dat ass och gutt esou – dierf natierlech weiderhi gleewe wat hie wëllt, un een onsiichtbart rosa Einhorn oder un een oder méi vun deene ronn 3000 Götter die d’Mënsche bis elo erfonnt hunn.
An déi rationnell Leit kënne sech driwwer freeën, dass 1. an der Schoul keng Kanner mi reliéis indoktrinéiert ginn, an 2. manner vun hiere Steiergelder an irrationnell Strukture gepompelt ginn an deemno an Zukunft hoffentlech fir méi sënnvoll Saachen gebraucht kënne ginn, wi z.B. Educatioun, Medecine, Wëssenschaft oder Konscht.