RTL - Carte Blanche

Carte Blanche - Richard Graf, 12/06/2017


Listen Later

Joer fir Joer entstinn nei Aarbechtsplazen. Déi ginn zwar zu engem groussen Deel vun Frontalieren besat, awer och duerch Leit, déi nei op Lëtzebuerg wunne kommen.
Wann donieft bei Villen de Portmonni zimlech grouss opsteet, ass et keen Paradox, datt de Präis pro Quadratmeter Wunnraum klëmmt – sief et bei Eegentum, wéi och an der Locatioun.
Dat heescht awer och, datt Leit mat manner Geld vu vir eran kéng Chancen hunn.
Fir déi gëtt et jo Sozialwunnengen, gëtt eis gesot.
Allerdéngs ginn och bei den ëffentleche Bauträger d'Waardelëschten ëmmer méi laang. An ëmmer méi Leit mellen sech, déi weder d'Kritären fir eng Sozialwunneng erfëllen, nach mat de Präisser um freien Maart kënne mathalen.
Dat huet natierlech domadder ze dinn, datt iwwer Joerzéngten ze wéineg am Beräich vum soziale Wunnengsbau geschitt ass.
Do wou aner Länner oder Stied 20 oder méi Prozent Sozialwunnengen hunn, läit den Undeel zu Lëtzebuerg bei manner wéi 3 Prozent.
Dobäi ass um Pobeier de Problem net weider dramatesch: Laut de Statistiker stinn innerhalb vun de Bauperimeteren ongeféier 2.700 Hektar Bauland zur Verfügung. Ronn 1.000 Hektar dovunner wieren ouni Prozeduren direkt benotzbar.
Dat sinn impressionnant Zuelen, wann ee weess, datt tëschent 2004 an 2010 nëmmen 64,6 Hektar Bauland am Schnëtt pro Joer verbraucht gi sinn.
Allerdéngs: 75,6 Prozent vun deenen genannten Flächen sinn an den den Hänn vu privaten Leit, eng aner 16,2 gehéieren privaten Gesellschaften - just de klenge Rescht ass an ëffentlechem Besëtz.
Och wann haut de Bedarf nach méi héich ass wéi 2010, sou bleift dach festzestellen, datt eigentlech genuch Bauland zur Verfügung steet, fir der Nofro entgéintzekommen.
D'Praxis ass natierlech eng aner: Bauland gëtt kënstlech knapp gehalen. Well d'Präisser permanent an d'Luucht ginn, ass et interessant mam Verkaf ze waarden.
A wann een senge Nokommen wëllt e gudde Start an d'Liewen erméiglechen, ass e Bauterrain di besser Optioun, wéi zum Beispill e Spuerbuch dat kaum Zënsen bréngt.
Sou novollzéibar dat Verhalen fir di eenzel Terrainsbesëtzer och ass, vir grouss Deeler vun der Bevëlkerung ass se katastrophal: De Wunnraum gëtt haut gebraucht, net eréischt an zéng oder 20 Joer.
Ech schwätzen elo net vun de richtege Spekulanten, déi bewosst Wunnraum oder Terrainen opkafen an dann jorelaang zeréckhalen.
Si stiechen enorm Plus-valuen an, wann anerer interessant Projeten entwéckelen, a si hiren Terrain dann extra deier kenne lassginn.
Hei muss d'Politik Weeër a Méiglechkeeten fannen, fir esou engem asozialen Verhalen entgéint ze wierken.
Mee och di kleng, scheinbar onschëlleg, Spekulatioun mécht an der Zomm vill Schued.
Hei misst et eng Aart Pool ginn, bei dem den Eenzelnen säin Terrain zu Verfügung stellt an eng korrekt - awer net spekulativ - Remuneratioun kritt. Den Dag wou hien en eegene Projet realiséiert, huet en dann Usproch aus dem Pool eraus en ähnlechen Terrain zeréck ze kréien.
Natierlech ass dat eng Utopie. Trotzdeem musse mer a Saachen Wunnraum nei Weeër goen.
Et kann net sinn, dat laangfristeg een Deel vun der Bevëlkerung d'Halschent oder méi vu sengem Akommes muss fir d'Wunnen ausginn, just well d'Spillreegelen den Realitéiten net ugepasst ginn.

 



...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners