RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Richard Graf, 18/01/2019


Listen Later

Keng Angscht: Et geet hei net ëm de x-ten Kommentar zur Fro op een dann elo fir oder géint de Brexit soll sinn.
Diskutabel ass allerdéngs d'Aart a Weis, wéi di britesch Politik an d'Europäesch Union mat dem Austrëttsverfaren ëmginn.
Do ass zum engen ee reng consultative Referendum. Mat onerwaart negativem Ausgang, awer net an dem Mooss, datt iwwer d'Halschent vun de Briten sech aktiv fir en Austrëtt aus der EU ausgeschwat hätten.
Ee Stëmmungsbild war et sécher. Allerdéngs wësse mer och, datt vill britesch Staatsbierger net konnte matstëmmen, well si ze laang vun doheem fort waren, oder et ënnerlooss hunn, well d'Sondagen dem Nee keng Chance ginn hunn.
Deemools war och net onbedéngt kloer, wat de Brexit fir rechtlech Konsequenzen am Eenzelen huet.
Nom 23. Juni 2016 ass opgefall, wéi schnell och Bréissel an d'Logik vun engem tatsächleche Brexit ëmgeswitcht huet. „Endlech si mer se lass“, soten dunn, zwar „of the records“, gestanen Europapolitiker, déi dat éiwegt Kregéils vun der Insel sat haten.
Och d'Briten hunn sech ganz rapid enger Brexit-Logik erginn. Allerdéngs ass an deenen éischte Méint kaum eppes geschitt.
Eréischt am Mäerz 2017 ass Demande offiziell ginn, wat dunn di Frist vun zwee Joer declenchéiert huet.
Virdru gouf nach driwwer gestridden, op d'britescht Parlament iwwerhaapt misst gefrot ginn, fir de Brexit unzestoussen.
Duerno sollten Neiwalen der Theresa May, eng méi stabil Verhandlungsmajoritéit verschafen. Och dat goung schif aus.
Du koume Verhandlungen bei deenen di eigentlech Unhänger vun engem Brexit no an no aus der Regierung ausgescheet sinn, an zum Deel Brexit-Géigner op eemol hu missen eppes verhandelen, wat se eigentlech net wollten.
Di Kakophonie geet awer net nëmmen op de Kont vun der politescher Elite op der Insel.
Datt d'europäesch Verträg keng kloer Bestëmmunge virgesinn, wat bei sou engem Austrëttsverfaren alles soll beuecht ginn, z.B. d'Rechter vun de betraffene Bierger, huet jo di ganz politesch europäesch Klass ze veräntwerten.
Grad de Wee zu engem „softe“ Brexit ass néierens beschriwwen.
„Fir et den EU-Géigner an net ze einfach ze maachen“ gëtt gären argumentéiert. Et ass awer leider net esou, datt déi de Moment méi schlecht Kaarten hätten, wéi nach virum Brexit-Theater.
Fir eng propper, demokratesch Léisung bleift elo ganz wéineg Zäit. Fir en zweete Referendum, de vu villen, vläicht jo esouguer enger Majoritéit, verlaangt gëtt, gëtt et knapp. Da misst jo kloer si fir, oder géint, wat een sech genau ausschwätzt.
On och ee „plan B“ setzt viraus, datt d'Verhandlungsfrist verlängert gëtt. An da stellen sech schonn di nächst Froen. Ginn, zum Beispill, d'Briten dann awer nach mat an d'Europawahl – si wären och dann nach vollwäertege Member vun der EU?
D'Europagéigner reiwen sech weider d'Hänn, well alles wat de Brite fir e „softe“ Brexit zougestane gëtt, hir Exit-Pläng méi attraktiv mécht.
Sou gesi wier en Non-Brexit dach awer di beschte Léisung – awer sou ee Kommentar wollte mer eis jo eigentlech hei erspueren.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
L'édito éco by France Inter

L'édito éco

14 Listeners

Nouveau monde by franceinfo

Nouveau monde

6 Listeners

Géopolitique by France Inter

Géopolitique

192 Listeners

Kommentare und Themen der Woche by Deutschlandfunk

Kommentare und Themen der Woche

9 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Presseschau by Deutschlandfunk

Presseschau

10 Listeners

L'édito politique by France Inter

L'édito politique

26 Listeners

Charline explose les faits by France Inter

Charline explose les faits

25 Listeners

Panorama by radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

On the Record - Reporter.lu by Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

1 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners