De Finanzminister mengt, seng Steierreform wier di gerechtsten, déi Lëtzebuerg jeemools gemaach hätt. Wahrscheinlech ass dat esouguer net falsch, well bis elo war zu Lëtzebuerg dat Wuert Steierreform gläichgesat mat Steierofsenkungen virun allem fir déi, déi vill Steieren bezuelen.
Mat Ausnahm vun enger Rei - revidéierbaren - handwierklechen Feeler, wéi am Fall vun mono-parentalen Familljen, schéngt di aktuell Steierreform tatsächlech e bësschen méi gerecht ze sinn, wéi déi virdrun. Doduerch, datt am ieweschten Akommes-Segment zwou Steiertranchen derbäi kommen, ass di historesch Tendenz gebrach ginn, de Spëtzesteiersaz ëmmer weider ze senken.
D'Bewäertung fält scho manner positiv aus, wann een d'Konterpartie vum Zukunftspak mat a Rechnung stellt. Eng Rei vun Ännerungen hunn hei derzou gefouert, datt bei bestëmmten Kategorien vu Leit däitlech manner am Portmonni ukomm ass, wéi virdrun. Och wann elo de Steierbonus eropgeet, dierft d'Rechnung an der Zomm fir Familljen mat Kanner an ënneschten Akommes-Beräicher sécher alles anescht als gerecht empfonnt ginn.
Virun allem awer vergësst dës Steierreform, genau wéi déi vu virdrun, wierklech all Aarten vun Akommes gläich ze behandelen. Zënsen op Récklagen oder Dividenden op Aktien, zum Beispill, ginn mat 10 respektiv 20 Prozent besteiert. Si dauchen an der Rechnung vum besteierbaren Akommes guer net méi op. Aner Revenuen, wéi zum Beispill d'Gewënner um Verkaf vun Aktien, ginn guer net consideréiert. Vergiessen mer och net d'TVA-Erhéijung, déi jo och alles anescht wéi sozial gestaffelt ass.
Wann een dann och nach déi niddreg Grondsteier an déi inexistent Verméigenssteier derbäi kuckt, da weess een, datt di aal Regel vum Sozialstaat, nodeem déi, déi sech besser stinn, proportional méi zu de Steieren bäidroen, ab engem gewëssen Niveau zu Lëtzebuerg net méi stëmmt.
Spéitstens säit dem leschte Freideg wësse mer och, datt e groussen Deel vun eisem Steierakommes ënnert dem Stréch budgetstechnesch zwar äusserst rentabel, gesamtwirtschaftlech awer ruinös ass. De Recetten duerch den sougenannten Tanktourismus vun 2,1 Milliarden pro Joer stinn Depensen vu 3,5 Milliarden entgéint. Depensen, zum Beispill wéinst den gesondheetlechen Konsequenzen vum knaschtegen Diesel, falen zwar zu engem ganz groussen Deel net zu Lëtzebuerg un. Et wier awer net nëmmen onverantwortlech, dëst einfach ze ignoréieren, et wier och zimlech naiv ze gleewen, datt eis Noperen déi Rechnung net och iergendwann géifen maachen.
Eng wierklech Steierreform misst also zumindest dës zwee Defien mat eneen ugoen: D'Steierlaascht esou verdeelen, datt déi, di Kapassitéit hunn méi bäizedroen, dat och wierklech maachen; an gläichzäiteg dem Réckgang bei den Akzisen net nëmmen nokucken mä offensiv den Ausstig aus dem Tanktourismus bedreiwen.
D'Steierlaascht wäert also tendenziell an Zukunft éischter erop goen. Grad dowéinst ass et wichteg eng sozial gerecht Verdeelung vun de Steieren an Ugrëff ze huelen, an zwar ier eis di nächst béis Iwwerraschung de Spillraum dofir nach méi kléng mécht.