RTL - Carte Blanche

Carte Blanche Robert Dennewald, 23/09/2016


Listen Later


All Euro deen mer iwwert den Aussenhandel an’t Keess kréien bedeit méi PIB fir Lëtzebuerg. Dat heescht méi Geld fir auszeginn a méi Salairen, méi Marge fir ons Entreprisen an awer och méi Steieren fir onsen Staatsapparat fir ënnert Anerem  onsen generéisen Sozialmodell an eis Infrastrukturen ze finanzéieren.
Lëtzebuerg mat sengen 575 000 Awunner ass ze kleng fir dat ze consomméieren wat mer produzéieren. Onsen Konsum stellt kaum 30 Prozent vun onser Wirtschaftsleeschtung duer. An aneren Länner ass dësen Konsum undeeleg oft méi ewéi duebelt esou héich. Anerersäits stellt den Ënnerscheed vun Export an Import 36% vun der Wirtschaftsleeschtung duer, esou dat den Räichtum vun onsem Land méi staark vum Aussenhandel ofhänkt ewéi vum Konsum vun den Lëtzebuerger Stéit.
Definitiv: Mir sinn an enger ganz anerer Situatioun ewéi déi meescht aner Länner. Mir sinn vill méi staark  vum Aussenhandel ofhängeg wei déi aner Länner, déi sech op hiren internen Maart verloossen kennen. D’Zuelen schwätzen fir sech: 80% vun onser nationaler Produktioun gëtt exportéiert, bei der Industrie sinn et esouguer 90%. Laut der Bréisseler Kommissioun hänkt bei eis 1 Aarbechtsplaz vun 3 direkt vun dem Export an den europäeschen Bannemaart of, an d’Lëtzebuerger Exporter ausserhalb Europa sécheren 100 000 Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg.
Eng oppen Weltwirtschaft ass esou de Carburant vun eisem Wuelstand. Dofir musse mir eis fir oppe Mäert asetzen. Eben well den Aussenhandel vun esou enger eminenter Wichtegkeet fir eis Wirtschaft ass, huet d’Politik d’Flicht fir duerfir ze suergen, datt d’Rahmebedingungen esou sinn dat den Aussenhandel och an Zukunft den Stellewäert kritt deen en haut huet an deen e verdéngt. Lëtzebuerg hätt an dem Zesummenhang e staarken, jo villäicht den éischten Verfechter vun internationalen Ofkommessen ewéi den TTIP missen sinn, amplaz dach staark dem Drock vun Jänni an Männi nozeginn, besonnesch wou d’USA, no Europa, den éischten Handelspartner vun Lëtzebuerg sinn. D’Politik muss och an dem Zesummenhang duerfir suergen dat de mëttelstännegen Entreprisen den Zougang zu auslänneschen Mäert vereinfacht gëtt, ewell et sinn genau des Betriber déi an der Zuel 99,5% vun allen Lëtzebuerger Betriber duerstellen, an sech oft schwéier dinn am Export aktiv ze sinn. Et sinn si déi, déi mir mussen op den internationale Mäert positionéieren. Déi sougenannten „déck“ si schonn do.
Mee d’Betriber mussen och hiert Schicksal selwer an’t Hand huelen an aktiv duerfir suergen, dat hiren Exportundeel weider wiisst. Ewéi d’Statistiken et weisen ass dat glécklecherweis den Fall. Et ginn awer och stänneg nei Mäert op der Welt op an do heescht et mat deenen éischten derbäi ze sinn. D’Chamber de Commerce spillt hei eng eminent wichteg Roll, andeems se Joer fir Joer ënnert anerem eng Dosen Wirtschaftsmissiounen organiséiert, wou d’Entreprisen nei Mäert prospekteieren, an nei Kontakter knëppen kennen. Des Wirtschaftsmissiounen sinn fir all Betriber op. Déi nächst fënnt Enn Oktober am Iran statt, en Maart de mat dem rezenten Ophiewen vum Embargo grouss Potentialer  ubidd, an ganz offen fir Lëtzebuerger Betriber an hiren Savoir-faire ass. Den Handel, déi eenzeg Garantie fir de Wuelstand vu Lëtzebuerg., Avis aux Amateurs!

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners