RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Robert Dennewald, 27/09/2017


Listen Later




Mir wëllen zu Lëtzebuerg d’Schaaffen vun jonken Entreprisen, den sougenannten Start-up Gesellschaften, förderen.

Dat ass gutt ewell dat erlaabt eis nei Aarbechtsplazen ze schafen, ons Economie ze diversifizeieren, an eng Kontributioun zum Erhalen vun onsem Wuelstand ze leeschten.

D’Effort’en vun eenzelnen Akteuren fir Inkubateuren ze installeieren, wou die jonk Entreprisen sech entwéckelen kennen ass gutt. D’Initiative vun der Chambre de Commerce fir en groussen Inkubateur op der Gare anzeriichten ass exzellent an passt honnertprozenteg an hir Missioun.

Ons Politiker hunn d’Wichtegkeet  vun der Förderung vum Entrepreneuriat zu Lëtzebuerg erkannt. Si hunn och erkannt dat en Engagement an dësem Beräich am Hibléck op d’Wahlen am Oktober fir d’Gemengen, an fir d’Chamber d’nächst Joer, hinnen gutt zu Gesiicht steet.

Et feelt net un gudden Projet’en vun jonken Entreprisen. Et wärt och net un Infrastrukturen feelen fir se opzehuelen. Och wann vill vun hinnen leider keen Erfolleg ginn, well nëmmen die Bescht duerchkommen, mussen mer all zesummen alles drun setzen fir hinnen ze hëllefen.

Do wou et den jonken Entreprisen feelt sin an der Regel d’finanziell Mëttel. Am Gegensaatz zum Ausland hun mir hun kaum öffentlech oder privaat-öffentlech Strukturen fir den Start-up’en eng finanziell Ennerstetzung unzebidden. Wann ons Politiker sech also seriös zu dem Thema bekennen wëllen, dann besteet hei drengenden Handlungsbedarf.

Et sin Privaatinvestisseuren dei hei zu Lëtzebuerg den Start-up’en an der Regel ennert d’Ärm gräifen. Dat ass ganz positiv, ewell die Leit dei zum Deel grouss finanziell Risiken angin, kloer heimatt „im stillen Kämmerlein“ en groussen Beitrag zur wirtschaftlecher Entwécklung vun onsem Land leeschten. Wann d’Regierung steierlech Rahmenbedingungen schaafen geif, dei den Risiko fir des Privatleit, wann et schief geet, geif begrenzen, oder d’Steierlaascht an den Fäll vun engem Erfolleg geif reduzeieren, hätt daat kaum Auswierkungen op d’Steierrecetten vun onsem Staat. Et geif awer bei den Privatleit eng formidabel Well vun finanzellen Mëttel ausleisen, die den Start-up’en an domat onser Economie zugutt kommen géifen.

Wann mir eeschthaft Lëtzebuerg zur Start-up Natioun maachen wëllen, dann leit elo den Ball bei der Politik. D’Ziwilgesellschaft huet schonn hiren Beitrag geleescht.


...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

24 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners