RTL - Carte Blanche

Carte Blanche: Robert Dennewald, 29/05/2017


Listen Later


Ech gehéieren zu deenen onzählegen Automobilisten déi sech Dag fir Dag duerch d’Rondpoint’en Irrgärtchen an Sandweiler quälen mussen.

Dat wat sech hei ofspillt war virauszegesinn. Vill grouss Entreprisen hunn sech an dem Eck Sandweiler/Contern ugesidelt an’t Regierung huet d’Conterner Industriezone zur Logistikplattform Zentrum ausgeruff. Dat wat mer haut als Verkéieropkommes hun, ass nëmmen en Virspill vun dem wat op ons zoukënnt. Den liewensgeféierlechen, regelméissegen Réckstau op der Autobunn bei der Offahrt Irrgärtchen, den praktesch chroneschen Verkeiersstau an - an zweschen den Rondpoint’en ass net nëmmen eng grouss Belaaschtung fir ons Nerven, mee och en groussen wirtschaftlechen Verloscht vir all déi Betriber deenen hir Camion’en während Stonnen am Stau stinn, ouni vun der onnëtzer staarker, onnéideger Ëmweltverschmotzung ze schwätzen.

Ech sinn der Iwwerzeegung dat ons Spezialisten vun den Ponts & Chaussées hiert Bescht maachen fir den Problem ze léisen. D’Aféierung vun engem sougenannten Turbo-Rond Point wäert hoffentlech eng Erliichterung mat sech bréngen, och wann mir all mat Grauen der Chantier’s Phase vun dësem Projet entgéint blécken.

Mir sollen och den Courage hunn iwwert Léisungen, ewéi eng nei Ausfahrt op der Autobunn, déi sech technesch relativ gutt maachen léisst, an dei den Raum Contern direkt géif bedéngen, nozedenken an dann och kuerzfristeg ze entscheeden.

Den Bauteminister huet während senger Amtszäit villes erreecht wat en net gréngen Minister nimools duerchkritt hätt. Duerfir verdengt hien vill Luef. Elo geet et awer drëms fir ausseruerdentlech Problemer ausseruerdentlech Léisungen ze fannen, an wann méiglech nach virun den Chamberwahlen Entscheedungen ze treffen. Mat Turbo- Gepléischters ass der Saach nämlech net gedéngt.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners