A menger Jugend gouf et e wichtege Fousswee tëschent der Uni an de Studentebistroën. An engem Souterrain hat demols schons en Virraussiichtegen gesprayt: „Wer zu Fuss geht, ist verdächtig“.
Haut, 40 Joer méi spéit, ass dee Sproch méi wouer wéi je. Wann ech haut vun doheem op d’Guar duerch Wunnquartieren trëppelen, sinn ech zwar gréisstendeels alleng um Trottoir. Dofir muss ech awer tëschent 3 an 7 mol vun deem Trottoir an d’Strooss auswäichen, well op allen Ecken an Ennen vum Foussgängercouloir en rücksichtslosen Eefalt geparkt huet.
De Fraen a Männer mat Kannerkutschen an Poussetten geet et net besser, déi kënnen e Lidd vun zougeparkten Trottoiren sangen, genau wéi eeler oder behënnert Leit.
D’Behënnerung vun de Foussgänger an de Reflex, beim klengsten Déplacement huerteg an den Auto ze sprangen, hunn an de leschten Jorzéngt dozou geféiert, datt an den Stied an an den Dierfer ëmmer manner Leit zu Fouss ënnerwee sinn.
Dofir brauchen déi Stied an Dierfer, déi nach keng fir Foussgänger reservéiert Zonen hunn, och net méi drun ze denken, esouer z’installéieren.
Shared Space heescht déi nei Zauberformel, wou Autogecken an Foussgeeken sech harmonesch zesummen toleréieren an keen dem aneren géint de Pneu trëppelt, resp. iwwert d’Féiss fiert.
Elo ass näischt géint punktuell shared spaces an der Pufferzone tëscht Zentrum an Quartierën ze soen. Triumphalistesch Presse-Artikelen iwwer Shared Space däerfen awer net iwwert e fundamentalt Ongläichgewiicht ewechtäuschen: Wann duerch eng Shared Space Strooss an enger Stonn 300 Autoen fueren an 10 Foussgänger trëppelen, dann ass et evident, datt déi 300 Autofuerer d’Gefill hunn, Rücksicht op d’Foussgänger ze huelen: si kënnen der jo net vill iwwerrennen.
An déi di do trëppelen, parken oft selwer net wäit ewech, fir nëmmen net missen 200 Meter ze goen fir an e Geschäft, an de Sport oder de Fitness.
Ech selwer sinn schonns zwee mol an engem Shared space bal iwwerrannt ginn, dorënner eng Kéier vun engem Taxi-Choffer mam Handy am Grapp. Mee vläit sinn ech den eenzegen mat Verfolgungswahn. Et begéint een jo, wéi gesot, keng Foussgänger méi, ausser an den verdächtegen Foussgangsterzonen, déi een elo gläich net méi brauch, faute de combattants.
Mir schwätzen gären vun qualitativem Wuesstem. Wéi wär et dann, wann am Jor 2050 déi 700.000 oder 1,2 Milliounen Lëtzebuerger an den Uertschaften haaptsächlech zu Fouss oder um Vëlo weiderkéimen? Amplaz mat 700.000 oder 1,2 Milliounen Gefierer d’Land ongenéissbar ze maachen? Vun der gläicher Zuel Zweet-Autoën, déi gläichzäiteg an de Stroossen, an de Viirgärtercher an natierlech op den Trottoiren stinn, net ze schwätzen?
Qualitatiivt Wuesstem ass eng flott politesch Strategi, mee sie fänkt och beim Eenzelnen un. A Foussgänger, grad wéi Autoen, loossen sech bis op weideres nach net digitaliséieren, och net vum Jeremy Rifkin.