Medienmonopolisten a Fake News? Oh Lala! Op dëser Antenn géint privat Medienmonopolisten ze wiéderen, kéim e bëssi surrealistesch eriwwer. Besonnech wou mat enger grousszügescher Finanzsprëtz aus dem Staatsbudget d’Grenz tëschent privat-kommerzieller an öffentlech-rechtlecher Press ëmmer méi verschwëmmt.
Fréier, iir vun “fake news” geschwat gouf, obwuel et se och schons gouf, war alles méi einfach: déi konservativ Leit hun eng konservativ Zeitung abonnéiert, déi progressiv eng progressiv, asw,.. A jidderen konnt dat liésen oder héieren, wat him oder hir an de Krom gepasst huet an all aner Idiën lénks oder riéts leie gelooss.
Haut huet sech de Spektrum un Meenungsäusserungen dank Facebook, Twitter, etc radikal demokratiséiert. Jiddereen därf op den soziale Netzwiérker suwuel spannend Detailer aus sengem Liéwen mat oder ouni Honn oder Kaazen zum beschte gin wéi och dee gréisste Kabes iwwert d’Weltpolitik verbreeden. An suguer mat den décksten politesche Ligen kann een getrouscht opTrumpen, ouni datt een en Droit de réponse muss zouloossen oder dofir op d’Geriicht geholl gët.
Allerdéngs kann een sech och säin Grupp vun Friends aussichen, déi engem déi “true and fake news” zervéieren, déi een am léifste liést. Also genau wéi virdrun: eng selektiv Wahrnehmung vun der komplexer Realitéit, je nodem wat een liken oder haten wëll.
Eng Gemeinsamkeet hun d’ “pensée unique” vun de Medienmonopoler an de fake news Tsunami op de Netzwiérker awer: do versicht ëmmer een vill anerer ze manipuléieren.
Säit ech selwer onofhängesche Radio bedreiwen, geeschtert dat Wuert “Medienpädagogik” duerch de politesche Raum. Heimat sollen onverduerwen Mënschen, virun allem Jonker, awer nët nëmmen, geléiert gin, wéi wäit een de Medien soll trauen a wat een nët fir boor Mënz soll huelen. Geschitt ass säit 30 Joër nët ganz vill, vun enzelnen Initiativen, wéi dem Graffiti op Radio ARA, ofgesin.
Elo op bemol, wou et kloër gët, datt een mat fake news kann US-Präsident gin, geroden d’Politiker a Panik. Déi Politiker, déi och op Facebook an Twitter kräfteg matzwitscheren. Séier gët en Zentrum fir politesch Bildung gegrënnt, deen sech vun Ufroën schons nët méi rette kann. An och déi lokal a regional Medien gin e bemol erem entdeckt. Majo, flott, firwaat nët?
Et bleift awer ze hoffen, datt irgendwann d’öffentlech Hand nët nëmmen Online-Plattformen wëll ënnerstëtzen, déi et Wutbürger erlaben, gratis an ouni Recherche iwwert d’“Lügenpresse” a “korrupt Politiker” hiirzezéien. Mee och denen Initiativen, ob öffentlech oder privat, déi konsequent géint fake news an pensée unique viirgin, adaequat Moyenën gin. E.a. fir mat der aktiver Partizipatioun vun de Biérgerinnen a Bierger, d’Demokrati e bëssi méi interaktiv, pluralistesch an kontrovers ze gestalten.
Dozou brauch d’Regiirung keng Finanzstränzen mat ënnerschidlechem Gabarit, mee en duerchduechtent Konzept vun Mediepluralismus an Demokratipädagogik.