RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Robert Goebbels, 19/12/2016


Listen Later


 
Zenter Méint schloen sech d’Lëtzebuerger d’Käpp an iwwert de Stellewäert vum Lëtzebuergeschen. Eleng dëse Streit weist, dass ons Sproch net a Gefor ass, an dass onst d’kulturellt Liewen nach ni esou räich war. D’Kultur lieft vum Disput, vu géigesäitege Meenungen.
 
Et däerf diskutéiert ginn, op dem Lëtzebuergesche méi Raum an eiser Gesellschaft ageraumt misst ginn, oder op eis Villsproochegkeet onse gréisste Räichtum ass.
 
Dobäi dierfe mir eis awer net selwer an eng nationalistesch Sakgaass manövréieren.
 
Tatsaach ass, dass d’Lëtzebuerger op d’Aarbecht vun den auslännesche Matbierger ugewise bleiwen.
 
Huele mir de Gesondheetssecteur. 80% vun alle Medeziner si keng gebuere Lëtzebuerger. Eigentlech normal fir en Land, dat et net fäerdeg bréngt, selwer seng Dokteren auszebilden.
 
Et ass en echten Problem, wann eng eeler Persoun an engem Spidol Schwieregkeeten mat de Sproochen huet. Glécklecherweis gëtt et iewer all  Personal, dat noutfalls iwwersetze kann. Och wann d’Zuel vum Lëtzebuerger  Fleegepersonal ofhëlt, well ëmmer manner Lëtzebuerger an dëse schwéiere Beruff ginn.
 
Dorun géif sech näischt änneren, wann eis Gesetzer a Reglementer op Lëtzebuergesch wären. Mir missten si weiderhin op Däitsch, Franséisch an ëmmer méi op Englesch iwwersetzen.
 
Vun allen Fuerderungen iwwert de Stellewäert vum Lëtzebuergeschen ass déi mannst gescheit, d’ Lëtzebuergesch zu enger europäesch Amtssprooch ze maachen.
 
Sécher, Europa fonctionnéiert theoretesch mat 24 Sproochen.  Irland huet d’Gälesch, an Malta d’Maltesesch als theoretesch Amtssprooch. Woubäi béid Länner awer de 150.000 Säiten europäesch Regelwierker weder op gälesch, nach op maltesesch notzen. Si benotzen eleng Englesch, mat Franséisch an Däitsch eng vun den 3 Aarbechtssprochen vun der Union.
 
Am Europaparlament, an de Ministerréit vun der Union, schwätzt kaum e Finnlänner Finnesch, kaum e Schwed Schwedesch, kaum e Kroat kroatesch. Si géifen zwar iwwersat ginn. Si wëllen awer, dass hinnen nogelauschtert get. Dofir schwätzen se eng vun den dräi Aarbechtssprochen, meeschtens Englesch.
 
Dat ass d’Realitéit. Wär Lëtzebuergesch eng europäesch Amtssprooch, dierfte mir wéi Irland a Malta fir d’Iwwersetzunge vun den Texter bezuelen, kéinten awer näischt domadder ufänken. Fir eis Interessen ze vertrieden, missten mir mam Rescht vun Europa weiderhin op Englesch, Franséisch an Däitsch schwätzen.
 
Wou wär eise Gewënn?

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners