D’Regierung well den Déiereschutz verbesseren. Dat as am Prinzip gutt esou. Déieren sollen net mësshandelt oder gequält gin.
De Reformprojet vum Minister Etgen geet awer ze weit.
So soll elo „d’Dignitéit“ vun jidder Déier unerkannt ginn.
Wat bedeit dësen philosopheschen Begrëff?
Sollen Déieren de Mënschen gläichgestallt ginn?
„Die Würde des Menschen ist unantastbar“ heescht et an Texter iwwer d’Mënscherechter. Wat net verhënnert, dass Mënschen uechtert Welt gequäält an dout gemaach ginn, an Aarmut vegetéieren oder verhongeren.
Wat heescht elo „assurer la dignité des animaux“, wéi et am Titel vum Projet de Loi héescht?
Ass et vereenbar mat der „Dignitéit“ vun engem Hong, engem Schwäin oder enger Kou, op engem Bauerenhaff opgezillt ze ginn, fir spéider an engem Kachdëppen ze landen?
Wéi as et mat der Dignitéit vum Vull oder Karneckel, dat vun engem Fuuss gerass gëtt.
Mat der Dignitéit vun de Fësch, déi op Musel a Sauer geaangelt ginn?
Wéi as et mat der Dignitéit vun enger Moustique, déi Nuets am Zëmmer mat der Schlapp erschlo’en gëtt?
Des Fro’en klengen vläicht topeg, mais wäerten awer eis Gerichter an deenen nächsten Joren vill beschäftegen.
Well Rechter aklobar sinn, wäerten extremistesch Déiere-Schützer sech eng Freed maachen, fir d’Veehzucht, d’Juegd, d’Fëscherei a vill aner mënschlech Aktivitéiten virun Gericht ze kontestéieren.
As d’Reiden mat der Dignitéit vum engem Päerd vereenbar?
Wéi as et mat der Dignitéit vum Fësch am Aquarium, vum Papagei am Käfeg?
Dem Drock vun selwer ernannten Déiere-Schützer ass et schon ze verdanken, dass keen Zirkus méi Dressur vun Déieren bidden kann.
Am „Wort“ huet ee prominenten „Veganer“ ugekënnegt, mat dem neie Gesetz misstem déi logesch ethesch Konsequenzen vun der Dignitéit vun den Déieren gezunn ginn: „Wenn dem Tier Würde zukommt, dann müssen Viehzucht, Schlachten von Tieren, Jagd auf Tiere verboten werden“.
De Mënsch as zum Mënsch ginn, well en esou zimlech alles iessen kann, an sech un all Ëmwelt- an Klima-Bedéngungen upassen konnt.
Wann et Matmënschen gëtt, déi als Vegetarier nëmmen Uebst an Geméis iessen, oder als Veganer all Produkter vun Déieren, esouguer Mëllech, E’er an Hunneg refuséieren, sou as dat hiert privat Recht.
Déi meeschten Mënschen wëllen awer weiderhin sech diversifizéiert ernären, Fleesch, Fësch, E’er a Mëllechprodukter konsuméieren.
Dofir soll d’ Gesetz fir besseren Déiere-Schutz suergen, ouni sech an pseudo-philosophescht Geschwafel ze verléiren.