Eng Petitioun freet d’prioritär Benotzung vu Lëtzebuergesch. D’Gesetzer, d’ Reglementer, d’ Gericht-Urteeler, all offiziell Dokumenter missten op Lëtzebuergesch sinn. Si dierften zwar laut de Reaktionären op Franséisch an Däitsch iwwersat ginn. Awer déi éischt Sproch am Ländchen misst ëmmer an iwwerall „Lëtzebuergesch“ sinn.
Ugeholl, d’Chamber géif dësem Wonsch entspriechen? Watt géif sech a Wierklechkeet änneren?
Mir hätten weider e Land mat demnächst 600.000 Awunner, dovunner kaum d’ Halschent Stacklëtzebuerger. Mir hätten weiderhin een Aarbechtsmaart vun iwwer 400.000 Leit, mat enger Majoritéit vun Auslänner, dorënner 170.000 Frontalier.
Mir missten weiderhin mat all dësem Leit schwätzen, op Däitsch, Franséisch, Englesch. Well ouni d’Auslänner zu Lëtzebuerg näischt méi funktionéier.
Wann ons Administratioun, wann ons Gerichter nëmmen mat Lëtzebuergesch géifen schaffen, missten awer all offiziell Dokumenter iwwersetzt ginn. Wo ass de Gewënn?
Mir géifen Joren brauchen, fir de Mémorial, fir d’Jurisprudenz, fir den Acquis Communautaire op Lëtzebuergesch ze iwwersetzen. Fir dann festzestellen, dass mer am Ëmgang mat eisen Noperen a mat der Europäescher Union alles nees op Däitsch, Franséisch oder Englesch iwwersetzen missten.
Den Patriotismus an Éieren. Mais d’ Lëtzebuergesch ze verhellegen, féiert eis iergendwou hin.
D’ Stäerkt vun eisem Land ass d’ Villsproochegkeet. All kleng Länner mat eegener Sproch, Island, Irland oder Malta, gebrauchen aner Sproochen, meeschtens Englesch, fir sech international ze behaapten. Mir liewen am däitschen an am franséischen Kulturkrees. Mir mussen weiderhin mat eisen Noperen schwätzen. Mat Lëtzebuergesch kommen mer net bis op Tréier oder Metz.
Et sief dann, verschidden Petitionären wellten sech duerch ons Sproch vun den Auslänner ofschotten, an d’Auslänner vergraulen. Zeréck zur gudder aller Zäit vum 19. Jorhonnert, wou mir zu 200.000 echt Lëtzebuerger waren. Di sech leider net selwer ernähren konnten an zu Zéngdausenden ausgewandert sinn.
Lëtzebuergesch ass iwwregens eréischt mat der Integratioun an d’Europäesch Union eng Kultursproch ginn. D’ Lëtzebuerger Kulturszene ass haut räich. Et gouf nach ni esou vill Literatur, Theater, Lidder, Kino an aner Konscht op Lëtzebuergesch, ewéi grad elo. Fir wat also déi Opreegung em eis Sprooch? Si ass net bedrot. A Gefor ass nëmmen dat gutt Zesummeliewen am Ländchen.