RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, Robert Urbé, 06/02/2017


Listen Later

D’EU gëtt ëmmer nach ee lamentabelt Bild of. Do wëllen eng Rei Regierungen näischt vu Solidaritéit wëssen, a si besti weider drop, datt sech d’Italiener an d’Griichen ëm “hir” Asylanten ze këmmeren hätten!
Op der anerer Säit gëtt deen ieweschte Bayer net midd, no enger “Iewescht Grenz” fir Flüchtlingen ze ruffen. Dobäi ass dat nëmme Bauerefänkerei, well hie misst eigentlech genau wëssen, datt et dat net gëtt. Mee all Mënsch, deen an engem Land wëllt eng Demande op Asyl stellen, muss eragelooss ginn an huet d’Recht, datt seng Demande, individuell, ënnersicht gëtt: dat seet d’Genfer Flüchtlingskonventioun!
E bësse méi wäit, verlaangt säin éisterräichesche Koseng, dass d’Flüchtlinge sollten déi Säit vum Mëttelmier a Campe gesammelt ginn, an da kéinten sech d’Europäer do déi Vulnérabelst raussichen, nom Motto: net d’Schlepper, mee mir selwer entscheede, wee bei eis kommen däerf! Dobäi misst och hie wëssen, datt net nëmmen an deene meeschte Länner all Viraussetzunge feelen, fir sou eppes ëmzesetzen, mee dat sou och dat fundamentaalt Recht verletzt géif, net zréckgewisen ze ginn an e Land, wou een net sécher ass.
Och bei eis sinn des Froe verschiddentlech diskutéiert ginn a gi virun diskutéiert. Well et bitt sech jo bal keen Thema besser un, fir beim Wieler wëllen unzekommen!
An deem Zesummenhank gëtt dann och gäre gesot, mir kéinten se jo awer net all ophuelen. Mir vergiessen do, datt nëmmen e ganz kléngen Deel bei eis kënnt. Mat ronn 63 Prozent sinn di meescht Leit, di iergendwou fortgelaf sinn, nach ëmmer an hirem Land op der Flucht, anerer waarden an den Nopeschlänner, datt d‘Situatioun sech sou verbessert, datt si zréck an hiert Land kënnen. 86% vun alle Flüchtlinge ginn an Entwécklungslänner opgeholl, an nëmmen dee klengste Prozentsaz dervunner kënnt an Europa un.
Loosse mer eis näischt virmaachen: ugezunn an e Land ginn Demandeurs d’asyle virun allem dann, wann d’Prozedur do laang dauert a wann eng gewësse Chance besteet, e puer Joer wéinstens do kënnen ze verbréngen. D’Prozedure méi séier maachen, ouni awer dofir deem eenzelnen seng Rechter ze beschneiden gehéiert zu enger gudder Asylpolitik.
An dann och d’Schafe vu Méiglechkeete, fir legal an d’Land ze kommen, da brauch een et net op en illegale Wee ze versichen!
Ausserdem misst Europa endlech zu enger gemeinsamer solidarescher Flüchtlingspolitik fannen. An: an all Ambassade vun engem EU-Land misst ee kënnen eng Demande stellen, fir an iergendeen europäescht Land ze kommen; dat giff et och de Schlepper méi schwéier maachen. An da sollte mer virun allem hëllefen, d’Problemer do ze léisen, wou se sinn an entstinn.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Tanguy Pastureau maltraite l'info by France Inter

Tanguy Pastureau maltraite l'info

25 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

L'œil de Philippe Caverivière by RTL

L'œil de Philippe Caverivière

67 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

L'oeil d'Alex Vizorek by RTL

L'oeil d'Alex Vizorek

15 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners