De 24. Abrëll huet de Staatsminister an der Chamber séng Deklaratioun zum Etat de la Nation virgedroen. Den Dag drop hunn de Finanz- an de Wirtschaftsminister am Kader vum Semestre Européen, wéi an allen EU-Länner zur Koordinatioun vun der Strategie Europa 2020, de “Programme de Stabilité (ou de Convergence)” – PSC – an de “Programme National de Réforme” – PNR – virgestallt, fir duerno iwwer déi dräi Contributiounen ze diskutéieren.
Well awer sech praktesch op d’Deklaratioun vum Premier konzentréiert gouf, an de PSC an de PNR dobäi ënnergungen, wollt ech op dëser Plaz mol op dee PNR agoën.
Dëse Programm soll virun allem rapportéieren, wéiwäit d’Regierung bei der Erreechung vun de selwer gesaten Objektiver komm ass, a wat fir Mesure weider sollen hëllefen, déi Ziiler ze erreechen.
Enner dëse fënnef Ziiler interesséiert mech natierlech dat am meeschten, wou et drëm geet, europawäit mindestens 20 Millioune Mënschen aus der Aarmut an der sozialer Exklusioun ze féieren. Dozou soll all Land mat engem selwer definéierte Contingent bäidroën: Lëtzebuerg huet sech hei d’Zuel 6.000 als Ziil gesat. Well d’Donneeën heizou ëmmer réischt mat 2 Joer Verspéidung virleien, gëllen d’Zuele vun 2008 als Ausgangspunkt – mat 72.000 Leit ënnerm Aarmutsrisiko oder a sozialer Exklusioun – , an déi vun 2018 wäerten den Endpunkt markéieren: et bleift also kaum nach Zäit!
Statt ëm 6.000 rofzegoën, geet déi Zuel awer weider an d’Luucht, op mëttlerweil 114.000 no den Zuele vun 2016. Do muss een dem Argument vum Wirtschaftsminister, datt jo awer d’Bevëlkerung an deeër Zäit gewuess ass scho Rechnung droen, mee och bei enger Héichrechnung entspriechend dësem Wuestum bleift et bei enger massiver Verschlechterung! An do hätt ee jo dann erwaarde kënnen, datt, net réischt 2018, mee och schonn an deene Joere virdrun, nei Mesuren hätten ergraff misse gin. Mee am Prinzip sinn déi Mesuren, déi an deem Programm stinn, all déi Joere praktesch déi selwecht bliwwen. Dat weist entweder net vill Fantasi, oder awer net vill Engagement fir dëst Ziil!
An da muss een zu deem PNR nach eppes feststellen: vun Ufank u gehéiert et zu der europäescher Strategie Europa 2020, datt do all “Stakeholder” mat abegraff ginn. Dozou zielt déi hei ugeschwate Virstellung am Parlament. An och déi Diskussioun den 28. Mäerz am Kader vum Conseil économique et social. Mee wat ass mat der Zivilgesellschaft, déi laut EU och soll mat agebonne ginn? Bis 2014 nach ass regelméisseg mindestens eemol pro Joer de Groupe Inclusion sociale zesumme komm, wou Ministèren, Sozialpartner, Offices sociaux an Zivilgesellschaft am Virfeld de PNR diskutéiere konnten. Mee ouni irgendeng Erkläerung gëtt et déi Reuniounen säitdeem net méi. Net nëmme gesäit Transparenz an Abannen anescht aus, mee well d’Resultater alles anescht wéi berouegend sinn, wier et dringend noutwendeg, mat allen zesummen ze schaffen, déi eppes bäidroe kënnen.
Ob et deemnächst hei zu enger Besserung kënnt, ass awer méi wéi ongewëss.