RTL - Carte Blanche

Carte Blanche: Robert Urbé, 13/02/2019


Listen Later

Viru ronn dräi Woche sinn eng Parti Leit hei am Land ferm erféiert. Eurostat hat public gemaach, dass mat 20% Lëtzebuerg no Rumänien deen zweethéchste Prozentsaz opweist, wat Jugendlecher tëscht 18 a 24 Joer ugeet, déi schaffe ginn a gläichzäiteg ënner dem Aarmutsrisiko leien. No vill Echo an de Medien huet dunn och den 31. Januar eng Aktualitéitsstonn am Parlament stattfont.
A wéi üblich hunn sech der rëm genuch fonnt, déi di Zuele wollte falsch maachen, relativéieren, a Fro stellen an: falsch interpretéiert hunn!
Et ass dobäi en Auszoch aus deenen Donnéeën, déi de 16. Oktober 2018 vum STATEC publizéiert goufen, an déi all Joer bei engen 10.000 Leit oder 4.000 Haushalter erhuewe ginn.
Do fanne mer dann, dass den allgemengen Aarmutsrisiko zu Lëtzebuerg an 10 Joer 10 mol méi séier geklommen ass wéi an der EU allgemeng.
A wann déi jong Leit ëmmer méi zäitlech beschränkt Aarbechtskontrakter kréien, a wa se, nach méi schlëmm, net nëmmen een, mee och souguer méi Stagen ouni bezuelt ze gi mussen absolvéieren, dann ass dat Resultat och dohier vläicht ze erklären.
Kanner ënner 18 Joer a Jonker vun 18-24 Joer ënnerleie bei eis dem Aarmutsrisiko zu 22,8 resp. 26,4%. Dat, well si an engem Haushalt wunnen, deem seng Memberen dem Aarmutsrisiko ënnerleien, also leschten Ends, well hier Elteren en ze niddregt Akommes hun.
Wat elo bei eis opfällt ass, datt déi Jugendlech d’Akommes vum Haushalt net verbesseren hëllefe kënnen, och wann si schaffe ginn. An dat läit eben drun, datt och hiere Verdéngscht ze niddreg ass.
Mir sollten also ophalen, sou Resultater mat falschen Argumenter wëllen ze diskreditéieren. Mir sollten eis vill méi d’Fro stellen, wat mer kënnen ënnerhuelen, fir deen Trend do mindestens opzehalen, am beschten nach ëmzekéieren: d’Stagiairen net mëssbrauchen a se bezuelen, manner zäitlech begrenzte Kontrakter verginn an deene Jonken (an net nëmmen deene Jonken!) en uerdentlecht Gehalt bezuelen.
Aarmut an Aarmutsrisiko si keng Fatalitéiten, wa mir wëllen eppes dergéint ënnerhuelen, da kënne mir dat och. Wëlle mir dat?

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
L'édito éco by France Inter

L'édito éco

14 Listeners

Nouveau monde by franceinfo

Nouveau monde

6 Listeners

Géopolitique by France Inter

Géopolitique

192 Listeners

Kommentare und Themen der Woche by Deutschlandfunk

Kommentare und Themen der Woche

9 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Presseschau by Deutschlandfunk

Presseschau

10 Listeners

L'édito politique by France Inter

L'édito politique

26 Listeners

Charline explose les faits by France Inter

Charline explose les faits

25 Listeners

Panorama by radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

On the Record - Reporter.lu by Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

1 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners